Statec a sengem "Konjunktur-Flash"Déi ekonomesch Aktivitéit "resistéiert trotz engem ganz onrouege Kontext"

RTL Lëtzebuerg
Och wann et riskéiert wier, op en Ëmschwong ze wetten, géing et positiv Zeeche gi bei der Consommatioun vun de Stéit, beim Ëmsaz am Handel oder nach bei den neien Immatrikulatiounen.
© RTL

Och d’Aktivitéiten an der Industrie an am Bau wieren no méi schwierege Joren an engem positiven Trend.

Déi wirtschaftlech Croissance vum Grand-Duché fir den zweeten Trimester vun dësem Joer ass nach net bekannt, mee se kéint erëm positiv sinn. Déi zwee viregt Trimestere louch se bei 0,0%.

A Punkto Inflatioun misst ee wéinst der Fermeture vun der Hormus-Strooss an den Dréchenten dëse Summer mat Präisshaussë bei de Liewensmëttel rechnen. Am Juni war déi lescht Indextranche an déi nächst ass nach ëmmer fir den Hierscht d’nächst Joer virausgesot.

Back to Top
CIM LOGO