
Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, fir erauszefannen, wéi et zu deem déidlechen Accident komme konnt. D'Produktioun gouf elo mol bis op Weideres gestoppt.
Wéi d'Police schreift, wier de Chauffer vun engem "Gafelstapeler" géint 4.30 Auer beim Manövréiere vu senger Maschinn verongléckt. Den 38 Joer ale Mann aus dem franséische Grenzgebitt ass nach op der Plaz u sengen uerge Blessure gestuerwen.
Nieft dem Miess- an Erkennungsdéngscht, gouf och d'ITM op d'Plaz geruff.
