
Tëscht Luerenzweiler a Lëntgen hat en Automobilist eng Foussgängerin ze pake kritt, dat Ganzt just kuerz éier et a Lëntgen erageet. D’Foussgängerin wier, esou schreift d’Police, matten op der Fuerbunn gewiescht, wéi et zum Accident koum.
Obwuel direkt Rettungsmoossnamen ergraff goufen, ass déi 49 Joer al Fra nach op der Plaz gestuerwen. Fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären, huet d’Police technique Ermëttlungen opgeholl. De Parquet huet eng Autopsie vun der Fra ordonéiert.