Vu Mais bis ZebrafëschDéiereversich zu Lëtzebuerg - Wéi lafen d'Kontrolle vun der ALVA of?

David Winter
An de leschten 9 Joer goufen 91.058 Déieren hei am Land fir Experimenter agesat. Dëst gëtt reegelméisseg a streng kontrolléiert. Ma wéi leeft dat genee of?
© Gouvernement

Hei am Land ginn et 3 Institutiounen, déi Déiereversich duerchféieren: Bei der Uni Lëtzebuerg sinn dëst zwee Instituter, beim LIH handelt et sech ëm een Institut, dat op Déiereversich zeréckgräift. Dat geet aus enger Äntwert vun de Ministere Claude Meisch a Claude Haagen op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement ervir. Dës Experimenter géifen am Kader vun der Grondlagefuerschung, der sougenannter translationaler an ugewannter Fuerschung a bei Formatioune vu Personal agesat ginn.

Wann ee sech d’Tabell vun der Unzuel vun agesaten Déieren ukuckt, erkennt een, dass zënter 2014 3 Déieren fir Versich hei am Grand-Duché a Fro kommen. Dëst wiere Mais, Raten, déi allerdéngs zënter 2022 net méi agesat ginn, an, wat vill Leit net wëssen, Zebrafësch.

© Gouvernement

De Grond, wisou Zebrafësch agesat ginn, hänkt ënnert anerem mat der héijer Zuel u Genen zesummen, déi änlech wéi bei Mamendéiere sinn. Ronn 70% vun den Zebrafësch-Gene kommen an änlecher Form och beim Mënsch vir. 80% vun de bekannte Genen, déi beim Mënsch Krankheeten ausléisen, ginn et och bei dësem Fësch. Domadder ass den Zebrafësch e gudden Organismus fir Erkrankunge bei Mënschen z’ënnersichen. Dobäi kënnt, dass dës Déieren méi einfach sinn fir aartgerecht ze halen a se loosse sech, anescht wéi zum Beispill Mais oder Raten, méi einfach ziichten, liicht ënnersichen a kënnen ouni gréisser Problemer genetesch verännert ginn.

© PAULO DE OLIVEIRA BiosphotoBiosphoto via AFP

Virun allem vun 2016 un erkennt een eng massiv Augmentatioun vun der Zuel u Fësch, déi vir Experimenter agesat goufen. E Grond dierften hei intern a personell Decisioune bei den Experimenter sinn. Hei huet sech d’Fuerscherteam wärend dëser Period prioritär op dës Fësch konzentréiert. Zënter der Pandemie ass d’Zuel awer nees erofgaangen, en Trend dee bis haut unhält.

Geziicht ginn dës Déieren dann och hei am Land, dat op der Uni Lëtzebuerg. Hei sinn et ausschliisslech Nagedéieren an Zebrafësch déi geziicht ginn. Et erkennt een fir d’Joer 2022 eng kloer Augmentatioun am Verglach zu 2017.

© Gouvernement

Zu Lëtzebuerg ginn iwwregens Versuchsdéieren och agesat, fir d’Personal an der Fuerschung ze forméieren, déi da spéider an der Fleeg vun Déieren an an der Duerchféierung vu Versich involvéiert sinn. Et ass iwwregens theoretesch virgesinn, dass och Déiereversich a Lycéeën duerchgefouert kéinte ginn. Heizou ass et bis haut awer nach net komm.

© Gouvernement

Déi “3-R-Prinzipien” vun der ALVA

Am Kader vun der Protektioun vun den Déieren a Laboen, ass et d’Aufgab vun der ALVA (Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire), fir Instituter zouzeloossen, déi sou Experimenter maachen. Si sinn un der Autorisatioun an der Evaluatioun vu Projeten direkt bedeelegt an inspizéieren dann och wärend den Experimenter op d’mannst eemol am Joer déi 3 Instituter. D’ALVA fungéiert awer och als Uspriechpartner fir d’Instituter, sou d’Vicky Binck, déi als spezialiséiert Veterinärin Inspektioune bei der ALVA duerchféiert.

Vicky Binck - ALVA Fortbildungen

D’Inspektioune bei den 3 Institutioune ginn am Laf vum Joer an der Reegel net annoncéiert, anerer sinn awer ugekënnegt. De Grond dofir läit op der Hand. Nach eemol Vicky Binck vun der ALVA:

Vicky Binck - Visitte ginn an der Reegel net ugekënnegt

Bei der Iwwerpréiwung vun der Prozedur vun der Euthanasie géif een natierlech nach eemol zu engem Zäitpunkt kommen, wou souwisou virgesi war, fir Déieren dout ze maachen.

D’Inspektioun vun den Instituter, déi Versich un Déieren duerchzéien, besteet zum Deel aus der Kontroll vun der Fleeg an awer och der Haltung vun den Déieren. Hei schreift e groussherzoglecht Reglement fir, dass d’Déiere genuch Plaz mussen hunn an aartgerecht gehale musse ginn. D’Gréisst an den Ekipement vun de Käfeger ass hei natierlech och vu kruzialer Bedeitung.

Vicky Binck - Enrichement-Material

Wichteg Parameteren , déi och konstant iwwerwaacht ginn, sinn d’Temperatur, d’Loftfiichtegkeet, de Fonctionnement vun der Ventilatioun oder och nach de Rhythmus an d’Intensitéit vun der Luucht, fir der nëmmen e puer ze nennen. Hei ass en Alarmsystem en Place, deen ausschléit, wann e genannte Parameter muss korrigéiert ginn. D’Surveillance leeft hei all Dag a gëtt natierlech och un d’ALVA weidergeleet.

Ma och den Zoustand vun den Déiere selwer ass natierlech extrem wichteg. Hei gëtt de gesondheetlechen Zoustand gekuckt an och d’Verhalen observéiert. Et gëtt direkt agegraff, sollten et Opfällegkeete ginn, sou d’Vicky Binck.

Vicky Binck - Ofbrochkrittärien musse festgesat ginn

Och d’Manipulatioun vun den Déieren fält iwwregens an dës Inspektioun. D’Experimenter selwer mussen am Virfeld bei der ALVA ugekënnegt a Punkte festgeluecht ginn, iert den Dossier vum Landwirtschaftsministère kann accordéiert ginn. Hei muss sech säitens den Institutiounen un déi 3-R-Prinzipie gehale ginn: “Replacement”, “Reduction” a “Refinement”.

Beim Replacement geet et drëms, Versich, wann nëmme méiglech, ouni Déieren duerchzeféieren, also beispillsweis mat Hëllef vun Zellkulturen, Computer-Simulatiounen, “Organ-on chip” oder Mikroorganismen. Heiduerch erspuert een dem Déier an éischter Linn Stress an eventuell Péng, ma et kritt een awer och méi einfach a séier den Fuerschungsdossier duerch den Autorisatiounsprozess, wat et och fir d’Instituter méi attraktiv mécht, op e Replacement zeréckzegräifen.

Wann dëst net méiglech ass, soll ee probéiere sech un de Punkt vun der Reductioun ze halen. Heiranner falen alleguerten d’Methoden, déi et erméiglechen, d’Gesamtzuel u Versuchsdéieren an dëser Rei u Versich ze verréngeren. Ënnert anerem kann een dat erreechen, an deem een d’Date mat anere Fuerschungsgruppen austauscht a benotzt. Sou mussen net sou vill Déieren e puer mol déi selwecht Versich duerchmaachen, ma et kann ee sech op existéierend Date stäipen.

Beim Refinement geet et dann drëms, fir d’Wuel vum Déier sou gutt et geet ze verbesseren, also d’Leiden, de Stress an d’Péng op e Minimum ze reduzéieren. Heizou gehéiere Narkosemëttel, Mëttel géint Péng a gutt forméiert Personal.

Dono ginn dës Experimenter dann och selbstverständlech iwwerwaacht a gekuckt, dass sech un dës Punkte gehale ginn.

Vicky Binck - Leiden a Peng bei Déieren

Dëst, an iwwregens och d’Personal selwer, gëtt all Dag kontrolléiert. Wa Verstéiss festgestallt ginn, ginn dës notéiert an der Direktioun matgedeelt. Dono féiert d’ALVA dann eng No-Kontroll duerch, fir z’iwwerpréiwen, op d’Verstéiss behuewe goufen.

Vicky Binck - Non-conformitéite bei Instituter

Gëtt sech bei eppes net dru gehalen, wéi am Virfeld virgeschriwwen, gëtt de Projet komplett gestoppt, bis eng Léisung fonnt gouf. Am schlëmmste Fall kann engem Institut dann och d’Autorisatioun fir e Versuchsprojet komplett entzu ginn. Esou e Fall gouf et bis ewell awer nach net am Grand-Duché, esou d’Vicky Binck.

Zum Thema Euthanasie, e Punkt, dee bei Déiereversich jo leider net z’evitéieren ass, ginn et och kloer Richtlinnen, respektiv Methoden, déi per Réglement grand-ducale festgeluecht sinn.

Vicky Brinck - Euthanasie

Iert en Experiment mat engem Déier autoriséiert gëtt, muss de Fuerscher uginn, wéi eng Method benotzt gëtt, fir d’Déier ze euthanaséieren. Dës Method muss dann och exakt sou duerchgefouert ginn a gëtt och vun der ALVA kontrolléiert. Zu den Aufgabe vum Staat ass et awer och fir d’Experimenter an sech z’evaluéieren. De Gesondheetssecteur iwwerpréift zum Beispill den Notzen vun engem Experiment an op d’Belaaschtung op d’Déier gerechtfäerdegt ass. Ass dës Evaluatioun positiv, gëtt dann nach eemol eng weider Evaluatioun vun der Veterinärsinspektioun selwer duerchgefouert.

Vicky Binck - Evalutioun vun den Dossieren

D’Ofbrochskrittäre fir en Experiment ginn iwwregens individuell am Virfeld definéiert a konzipéiert. Sou ka fréizäiteg e Leide vum Déier festgestallt an ënnerbonne ginn. E Beispill heivir ass d’Gewiicht vum Déier: Sollt dëst bis e gewëssene Grad erofgoen, misst d’Déier aus dem Experiment erausgeholl ginn. En anere Fall ass beispillsweis d’Gréisst vum Tumor bei Tester an der Onkologie. Och den Niveau vun der Formatioun vum Personal géif hei analyséiert an ëmmer nees kontrolléiert ginn.

E Volet deen nach guer net ugeschnidde gouf, ass deen vun der genetescher Verännerung bei Déieren, eppes dat an der Fuerschung jo Gang und Gebe ass. Hei kann ee generell soen, dass déi meeschte genmanipuléiert Déieren keng Beanträchtegung vun hirer Entwécklung hunn an een et och optesch net erkenne kann, op en Déier genetesch Verännerungen opweises huet oder net.

Ma och dëst muss awer beim Landwirtschaftsministère ugefrot an accordéiert ginn, fir sou besser op e Leide vum Déier am Fall vun de Fäll kënnen ze reagéieren. Wann een net zweiwellos feststelle kann, ob en Déier leit oder net, kann och hei ofgewie ginn, op d’Leiden vum Déier den Notzen vum Projet iwwerweit an de Versuch kéint dann am Eeschtfall direkt gestoppt ginn.

Iwwregens huet dann nach all Institut en Déiereschutz-Gremium, an deem de Responsabelen vum Déiereschutz, de Veterinär an déi responsabel Fuerscher vertruede sinn. Dëse Gremium evaluéiert a reegelméissegen Ofstänn d’Ofleef a wéi een den Déiereschutz, respektiv d’Experimenter selwer nach verbessere kéint. Dës aktiv Roll vum Gremium gëtt och vun der ALVA separat kontrolléiert.

Back to Top
CIM LOGO