Méiglech Presenz vu GlasDelhaize zitt "Feuilletés au fromage" vun eegener Mark zréck
Wéi den Delhaize en Donneschdeg an engem Communiqué warnt, kënne méiglecherweis Glasstécker a sengem Bliederdeeg mat Kéis sinn, deen tëscht Dezember lescht Joer a Januar verkaf gouf.
Delhaize Lëtzebuerg zitt seng “Feuilletés au fromage” zréck, dat wéinst méiglecher Presenz vu Glas. De Produit ass vun der eegener Delhaize-Mark a gouf tëscht dem 26. Dezember 2025 an dem 7. Januar 2026 verkaf.
Den Oflafdatum vum Produit ass den 13. Januar 2026.