Op hirem Neijoerschpatt huet d’KPL d’Regierung kritiséiert, ze vill Suen an d’Defense ze investéieren, amplaz an de Logement an a sozial Projeten.
Am Mëttelpunkt stoung awer virun allem d’Ukënnegung, datt de Parteipresident Aly Ruckert wuel ophale wäert. Et kéint säi leschten Neijoerschpatt un der Spëtzt vun der KPL gewiescht sinn. De Ruckert steet zanter bal 26 Joer un der Parteispëtzt; de 5. Januar 2000 gouf hien zum President gewielt. Den 71 Joer ale Ruckert ass der Meenung, datt et Zäit wier, d’Rudder un eng méi jonk Generatioun ofzeginn.
“E muss d’Partei kennen, e muss gudde Kontakt mat de Memberen hunn, e muss gutt Kenntnisser hunn am Marxismus, e muss d’politesch Situatioun zu Lëtzebuerg kennen, well et ass jo wichteg, dass d’Kommunisten och ëmmer op dat reagéieren, wat geschitt, e muss och gutt Bezéiungen hunn, zum Beispill zu eise Bündnispartner, wat d’Gewerkschafte sinn. Also do kommen eng ganz Rëtsch Saachen zesummen, wat natierlech fir de Profil vun engem President vun enger Kommunistescher Partei ganz wichteg ass. An dann ass et jo och esou, dass normalerweis, wann een dat Amt huet, do wiisst een och an deem Amt, do ass dat, wat een net huet, dat kritt een da mat der Zäit dobäi. An ech sinn do ganz zouversiichtlech, dass mer do deen oder déi richteg fannen, déi dann och dat fortsetze wäert”, esou den Aly Ruckert iwwert säin Nofollger.
Iwwer seng Nofolleg soll am Hierscht decidéiert ginn, wann en neien Zentralcomité gewielt gëtt. Als méigleche Kandidat gëllt de Vizepresident Alain Herman. Dee wollt eng méiglech Kandidatur awer net kommentéieren.