Table Ronde vun RTL InfosDemokratie ënner Drock: Wat kënne mer géint Desinformatioun maachen?

Dany Rasqué
An enger Zäit vu soziale Medien, Kënschtlecher Intelligenz an Deepfakes entsteet ëmmer méi eng "Presomptioun vum Falschen".

Wou informéiere mer eis? Wéi erkenne mer Desinformatioun a wéi enge Medie kann ee vertrauen? Ëm déi Froe geet et op enger Table Ronde, déi eis franséischsproocheg Kolleege vun RTL Infos am Kader vun der Ausstellung "op der Sich no der Wourecht" organiséiert hunn.

Desinformatioun si falsch Informatiounen, mat deenen ee schuede wëll.

Démocratie sous pression : comment lutter contre la désinformation ?
Où et comment nous informons-nous ? Comment reconnaître la désinformation et à quels médias peut-on faire confiance ?

Och wa mer elo vill driwwer schwätzen, ass et keen neie Phenomeen, deen eréischt an deene leschte Joren opkomm wier. Propaganda a manipuléiert Informatioune gouf et laang virum Internet, mä déi sozial Reseauen an d'kënschtlech Intelligenz ginn deem eng nei Dimensioun.

Dobäi geet et net nëmmen drëm, datt d'Leit falsch Informatioune gleewen, och richteg Informatioune ginn ëmmer méi a Fro gestallt.

D'Nathalie Pignard-Cheynel vun der Universitéit Neuchâtel. "Mir kommen an eng Zäit, notamment duerch d'kënschtlech Intelligenz, Deepfakes, asw., an där eng Aart 'Presomptioun vum Falschen' entsteet, méi wéi eng Presomptioun vum Woueren. Fréier, virun de soziale Medien, asw., ware mir éischter an enger 'Presomptioun vum Woueren'. Mir sinn dovun ausgaangen, datt dat, wat an de Medie publizéiert gouf, am Prinzip wouer war, an datt ee sech vläicht heiansdo d'Fro misst stellen, ob et eventuell falsch kéint sinn. Haut ass et ëmgedréint. Mir ginn am Fong dovun aus, datt vläicht alles, wat mir gesinn, falsch ka sinn. An dat ass dës 'Presomptioun vum Falschen'"

Fir géint Desinformatioun brauch een ënnert anerem Reegelen. Zu Lëtzebuerg soll d'Alia deemnächst och bestëmmten Influencer iwwerwaache kënnen. Hir Direktesch Cindy Bauwens huet dozou eng kloer Positioun. "Influencer hunn och d'Recht op Meenungsfräiheet an op d'Fräiheet, eng Entreprise ze grënnen an ze féieren. Awer zu Lëtzebuerg ass de Moment e Gesetzprojet ënnerwee, deen dem Medieregulateur d'Iwwerwaachung vun den Influencer iwwerdréit, wann et ëm déi schwéierst Forme vu Desinformatioun geet. Dat heescht, datt och si, genee wéi e Radio oder eng Televisioun, ënner d'Verbuet vun der Ustëftung zum Haass falen, ënner d'Verbuet, diskriminéierend Aussoen ze maachen oder d'Dignitéit vum Mënsch ze verletzen. Ausserdeem mussen och kommerziell Kommunikatiounen transparent gemaach ginn. Dat ass also ganz wichteg."

Table Ronde "op der Sich no der Wourecht" / Reportage Dany Rasqué

Wien als Influencer ënnert dës Reegele soll falen ass nach net ganz kloer.

Jidderee kann awer och selwer léieren, Informatiounen z'iwwerpréiwen, ënnersträicht d'Cécile Tran-Tien vun der Schwäizer Televisiounschaîne Radio Télévision Suisse. "Dat ass guer keng Hexerei. Et ginn e puer kleng Hëllefsmëttelen. Zum Beispill: Wann ech Zweiwel un engem Video hunn, maachen ech séier mat mengem Handy e Screenshot an ech maachen eng ëmgedréint Billersich. Et gëtt näischt méi Einfaches. Dat dauert just e puer Sekonnen a weist mir all d'Plazen an all d'Internetsäiten, wou dëse Video ze fanne war. Esou weess ech: 'Ah jo, dee Video gouf op där enger Säit publizéiert.' An ech gesinn och, datt et schonn e Red Flag, also eng Warnung, gëtt, datt et sech ëm eng falsch Informatioun handelt. An e puer Sekonnen hunn ech esou meng Informatioun."

Wéi Journaliste schaffe,n kritt een och op der Ausstellung "Op der Sich no der Wourecht" gewisen, déi den Ament bei eis an der RTL City um Kierchbierg ass. D'Stéphanie Lukasik vun der Uni.lu huet gehollef, d'Expo, déi aus der Schwäiz kënnt, fir Lëtzebuerg z'adaptéieren. "Dir kritt eng Kaart, déi Iech duerch déi ganz Ausstellung begleet, Dir äntwert op Quizfroen, Dir maacht bei engem 'Serious Game' mat an Dir sidd an enger Redaktioun. Dir kënnt Iech an d'Roll vun engem Journalist versetzen. Dir probéiert, e Passwuert erauszefannen an Indicen ze fannen, fir e Fall ze léisen. Dir kuckt och d'Charta vum Journalist an decidéiert, wéi eng Informatioune solle ausgewielt ginn a wéi eng net. An da kënnt den e bësse méi lëschtegen Deel vun der Ausstellung: Dir musst Iech mat politeschem Drock auserneesetzen – mat Telefonsuriff, déi Dir kritt."

Dës Ausstellung kënnt Dir nach bis Enn Oktober bei eis gesinn.

Back to Top
CIM LOGO