D'Visiteure kréien d'Méiglechkeet, selwer Informatiounen ze recherchéieren a si kréien dat néidegt Handwierksgeschier mat op de Wee, fir Fake News z'erkennen. Déi interaktiv Expo adresséiert sech sech un de breede Public an och besonnesch un d'Schoulklassen.
Entwéckelt gouf d'Ausstellung vun der Schwäizer Associatioun Journalistory.ch. Den Daniel Maurer, deen do Member ass, seet, d'Associatioun hätt festgestallt, datt et an der Gesellschaft eng Zort Trennung gëtt. Tëschent Leit, déi nach journalistesch Medien notzen a Mënschen, déi sech komplett dovunner ofgekoppelt hunn. Si wéilte mat hirer Ausstellung einfach weisen, wat et heescht Journalist ze sinn.
"Et ass e Beruff mat Reegelen. E Journalist kann net einfach soen, wat e wëll, ouni datt dat kontrolléiert gëtt. Et muss een d'Quellen iwwerpréiwen an d'Informatioune verifizéieren."
Fir d'Organisateuren ass et eng ganz wichteg Expo. An der Schwäiz hätten nämlech rezent Etüde gewisen, datt Jonker net méi wierklech den Ënnerscheed kënne maachen tëschent engem Journalist an engem Influencer.
"Si kennen d'Reegele vum Journalismus net onbedéngt. Dofir hu mir an der Ausstellung och e spillereschen Deel agebaut, wou ee sech an d'Roll vun engem Journalist versetzt. Et geet drëm ze erliewen, datt et guer net esou einfach ass, d'Wourecht erauszefannen an en Artikel ze schreiwen, bei deem ee ka soen: Dat ass richteg, dat kann ech publizéieren."
D'Ausstellung besteet aus véier Deeler. An engem ass een zum Beispill an enger Zort Newsroom.
"Et ass eng Aart Escape Game, bei deem een an de Büro vun engem Journalist kënnt. De Büro spillt am Joer 1989, en taucht also an d'Vergaangenheet an. Et muss een eng journalistesch Recherche maachen, en Artikel schreiwen an en ofschécken."
An engem aneren Deel vun der Expo geet et ëm d'Medialux-Etüd, also eng Etüd vun der Uni Lëtzebuerg iwwer déi national Medielandschaft an d'Manéier, wéi d'Leit d'Medien notzen. Et gëtt nach e Quiz a verschidden aner Spiller, wou et ënner anerem ëm drëms geet, wéi Fake News kënne viral ginn.
Et ass also derwäert fir eng Kéier an der RTL City ze passéieren. D'Ausstellung dauert nach bis den 30. Oktober.