Zu Diddeleng an DuelemDen 1. Januar waren Abriecher nees uechter d'Land aktiv

RTL Lëtzebuerg
D'Police schreift um Freideg de Moie vun zwee Abréch, déi um éischten Dag vum Joer gemellt goufen.

En Donneschdeg am Nomëtteg gouf zu Diddeleng an der Rue Lauenburg an en Haus agebrach. Hei goufen ënnert anerem Bijoue geklaut.

Zu Duelem war och een Eefamilljenhaus d’Zil vun de Brigangen. Hei gouf eng Dier opgebrach an et gouf ee Safe matgoe gelooss.

A béide Fäll lafen d’Enquêten.

Alkohol um Steier

Een Automobilist huet dann och en Donneschdeg musse sai Fürerschäin ofginn. D’Police hat gemellt kritt, dass een alkoholiséierte Chauffer a Clausen ënnerwee wier. Op der Héicht vum Boulevard Royal konnt eng Policepatrull de Chauffer stoppen a kontrolléieren. Den Alkoholtest war positiv an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO