Camionsaccident mat déidleche Suitten 2023Defekt um Camion declenchéiert Benne op der Autobunn

Diana Hoffmann
Serge Pauly
En hollännesche Familljepapp war beim Accident ëm d'Liewe komm.
Defekt um Camion declenchéiert Benne op der Autobunn
En hollännesche Familljepapp war beim Accident ëm d’Liewe komm.

Den 22. September 2023 hat op der A1 e Camion d’Schëlderbréck op der Autobunn gerammt, déi doropshin an de Géigeverkéier gefall war. Eng Persoun ass gestuerwen.

Fir den Ugeklote war den Dag bis zum Accident Routine. Hien huet 2023 als erfuerenen a qualifizéierte Camionschauffeur gegollt. Seng Aarbecht war et, mat engem Stagiaire zesummen, Sand vun engem Chantier zu Beetebuerg bei der Autobunn op eng Deponie op de Findel ze féieren. E puer mol den Dag. Kuerz virun 10 Auer ass awer eppes passéiert, wat net hätt sollte sinn.

Op der Tréier Autobunn A1 ass bei enger Vitesse vun 81 Stonnekilometer d’Benne vu sengem Camion eropgaangen an ass un der 5,5 Meter héijer Schëlderbréck hänkebliwwen. Dës ass doropshin aus der Verankerung gerappt ginn, 80 Meter matgerappt ginn, ier se op d’Fuerbunn an op d’Géigefuerbunn gefall ass. De Camion koum op der Mëttelleitplank un d’Stoen. Op der Géigefuerbunn gouf een Auto vun der Metallbréck erfaasst. De Chauffeur, e Familljepapp aus Holland kënnt dobäi ëm d’Liewen. Seng Fra um Bäifuerersëtz gëtt schwéier blesséiert.

Wat genee deen Dag geschitt ass, sollten d’Enquête vum Commissaire vun der Police an d’Rapporte vum Expert klären. Virop et war eng relativ technesch Sëtzung. Ma kloer ginn ass, dass esou en Accident mat engem Camion, deen no 2005 gebaut ginn ass, net méi méiglech gewiescht wier. Mee och bei engem Camion, wéi dem accidentéierten, hätte Sécherheetsmechanismen misste gräifen.

Chauffeure vun esou Camionen, déi bis 2005 gebaut goufen mussen, nodeems de Kipper nees um Camion ass, e Knäppchen drécken, fir den Hydrauliksystem ze desaktivéieren. Dat wier dem Expert no hei net passéiert gewiescht. Den Ugekloten huet awer vehement vu sech gewisen, dass hien dat vergiess hätt. Och bei senger Befroung duerch d’Police wier hien iwwerzeegt gewiescht, dass en Alarmsignal géing ugoen, wann ee géing mat ageschaltem Hydrauliksystem fueren respektiv de Camion an deem Fall net géing fueren. Doriwwer eraus hätt de Chauffeur awer och nach missten en Hiewel nieft dem Sëtz zéien, dass d’Benne iwwerhaapt hätt kënnen an d’Luucht goen.

Den Expert selwer hat eng ganz Partie Tester mam Camion gemaach. “En techneschen Defekt kéint dozou gefouert hunn, dass d’Benne sech gehuewen huet”, esou säi Constat. Wann den Hydrauliksystem net ausgeschalt war, hätt sech bei sengen Tester, de Kipper bei iwwer 1.300 Ëmdréiunge vum Moto vum selwe gehuewen, och ouni dass hien den Hiewel gezunn hätt. Ma fir hie war och kloer, dass de Chauffeur eng Warnluucht hätt misse gesinn.

D’Riichterin huet drop higewisen, dass de Knäppche fir den Hydrauliksystem ze betätegen op de Fotoe vun der Police technique net u gewiescht wier. Den Expert schléisst awer och net aus, dass ee beim Accident widder komm wier, oder een en nom Accident ausgeschalt hätt, méiglecherweis ouni ze wëssen, wisou e wier. Et wier op alle Fall net méiglech, dass sech d’Benne ouni ageschalten Hydrauliksystem hieft. Dofir wier dës ze schwéier. “Et muss ee vergiess hunn, den Hydrauliksystem auszeschalten oder et bewosst gemaach hunn, well kippen domat méi séier geet”, huet den Expert ënnerstrach. Aneren Zenario wier nach, dass ee wärend dem Fueren ouni Absicht den Hiewel betätegt hätt. Mee och dofir misst den Hydrauliksystem u gewiescht sinn.

D’Reproche géint den Ugeklote sinn onfräiwëllegen Doudschlag an onfräiwëlleg Kierperverletzung. Dëst wéinst engem Manktem u Virsiicht. D’Geriicht misst elo tranchéieren, ob den Accident duerch d’Handelen oder d’Net-Handele vum Ugeklote verschëlt wier, sot de Procureur. “Wann een all d’Elementer zesummegekuckt, bleift just eng logesch Konsequent am Dossier. Nämlech dass den Niewenundrift beim leschte Kippen net ageschalt ginn ass”, huet de Vertrieder vum Parquet zesummegefaasst. Ma den Accident wier awer méiglecherweis z’evitéiere gewiescht, wann de Chauffeur kontrolléiert hätt, ob de Knäppche vum Hydrauliksystem gedréckt war. Wéi ee géing haut wëssen, hätt och eng Warnluucht missen u sinn.

“Hei huet e klenge Feeler, deen eventuell mënschlech ass, enorm Konsequenze mat sech bruecht. Egal wéi eng Strof gesprach gëtt, wäert dës d’Parties civiles ni kënnen zefridde stellen”, huet de Vertrieder vum Parquet festgestallt. Um Enn huet de Parquet vun enger Prisongsstrof ofgesinn, an deem d’Geriicht proposéiert, eng ugemoosse Geldstrof ze spriechen, sou wéi och e Fuerverbuet. D’Parties civiles waren dann ënner anerem d’Fra vum Affer, eng weider Fra, déi och an den Accident verwéckelt war a Ponts et chaussées. Ponts et chausséees reklaméieren eng Entschiedegung vun iwwer enger hallwer Millioun: Dat fir d’Schëlderbréck an d’Leitplanken ze entsuergen an z’ersetzen.

Et wier en Accident deen un Tragedie bal net z’iwwertreffe wier”, huet d’Affekotin vum Ugekloten ënnerstrach. Et hätt net kënne bewise ginn, dass hire Mandant am Kader vum Accident e Feeler gemaach hätt. Hie géing soen, mat Sécherheet den Hydrauliksystem ageschalt ze hunn. Si huet da weider plaidéiert, dass d’Kontrolluucht, déi hätt missen uweisen, wann de System ageschalt war, net funktionéiert hätt. “Et ginn hei vill Onkloerheeten, déi sech net méi rekonstruéiere loossen”, esou d’Affekoten. Hire Mandant wier sech den enorme Konsequenze vum Accident bewosst an hätt Schwieregkeeten, domat ëmzegoen. Zanterhier kéint hie wéinst psychologesche Problemer net méi schaffen. Am ganzen Dossier géingen et just Verléierer ginn. Dofir freet si de Fräisproch vun hirem Client.

D’Urteel gëtt den 12. Februar gesprach.

Back to Top
CIM LOGO