Kuerz no 8 Auer e Sonndeg de Moie goung d'Informatioun un d'Schëfflenger Awunner iwwer d'App eraus, dass d'Gebai vum Elektrouewe geschwë géif a sech zesummefalen. Déi éischte Versich hunn dunn awer net direkt geklappt. Et war géint 10:30 Auer wéi du bannent Sekonnen d'Hal wei Fixspéin a sech zesummegefall ass an eng riseg Stëbswollek engem entgéint geflu koum.
Den Elektrouewe vun der ARBED Esch/Schëffleng war deen éischten am Land. 1994 goung en a Betrib. Pro Joer konnt dësen Uewen eng Millioun Tonne Stol verschaffen.
Um fréiere Site vum Stolkonzern entsteet an de nächste Joerzéngten e fuschneie Quartier mam Numm "Metzeschmelz". E puer Gebailechkeete vun der Stolindustrie ginn an dëse Wunnquartier integréiert. Ewéi zum Beispill de Waassertuerm. Den Elektrouewen an d'Gebai ronderëm gehéieren net derzou.
Um 63 Hektar grousse Site solle spéider ronn zéngdausend Leit liewen, schaffen a wunnen.