Accident mat FarerfluchtZeienopruff nodeems zu Ettelbréck eng mannerjäreg Persoun ugestouss gouf

RTL Lëtzebuerg
De 24. November 2026 ass et zu Ettelbréck an der Rue de Bastogne zu engem Accident mat Farerflucht komm.
© RTL Grafik

Den éischten Erkenntnisser no ass hei eng mannerjäreg weiblech Persoun an der Géigend vum Supermarché iwwert den Zebrasträife gaangen, wéi si vun engem schwaarzen Auto, deen aus Direktioun vun eben dësem Supermarché komm ass, ugestouss ginn. De Chauffer vum Auto wier doropshi kuerz stoe bliwwen, wier duerno awer, ouni sech ëm d'Persoun ze këmmeren oder seng Donnéeën ze hannerloossen, an Direktioun Nidderfeelen weidergefuer.

Wien Informatiounen iwwert den Accident oder iwwert de Chauffer huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat C3R Atert ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 92 1000 oder via Mail u "police.atert@police.etat.lu".

Back to Top
CIM LOGO