
Am Garer Quartier war kuerz no Mëtternuecht e Samschdeg eng Fra iwwerfall ginn, hei war Gewalt am Spill. Zwee onbekannt Täter haten d'Fra gestouss a si ass zesumme mat hirer Posch op de Buedem gefall. Kuerz drop ass hir opgefall, datt hiren Handy géif feelen. Blesséiert war si net ginn.
Zu Hollerech krut um fréie Samschdeg de Moien eng Fra hir Posch geklaut, andeem den Täter hir se aus der Hand gerappt huet. Dësen ass dono fortgelaf.
E Mann war dann zu Koplescht opgefall, well hien e Freideg géint 20 Auer duerch d'Hannerdier vun engem Restaurant an dësen agedronge war a sech an der Kiche verstoppt hat. Dono hat hien de Bistro nees verlooss. Eng Patrull vun der Police konnt de Mann lokaliséieren an dësen huet bei enger Kontroll zouginn, datt hien am Laf vum Dag zu Miersch eng Jackett geklaut hat, an där en Autosschlëssel an enger Täsch war. Och hat de Mann eng kleng Quantitéit Haschisch op sech. D'Jackett ass un de Besëtzer zeréckgaangen an de Verdächtege koum an en Hebergement fir Sans-abrisen. Protokoll gouf erstallt.