Solidaritéitsmarche am Kader vun der Orange Week300 Persoune setzen an der Stad en Zeeche géint Gewalt géint Fraen

Jeannot Ries
Hei zu Lëtzebuerg koum et d'lescht Joer zu ronn 1.300 Asätz vun der Police wéinst haislecher Gewalt. D'Affer ware majoritär Fraen oder Meedercher.

Am Kontext vun der Orange Week huet e Samschdeg de Moien an der Stad e Solidaritéitsmarsch eng gutt 300 Leit mobiliséiert. Hei geet et am Kader vun enger internationaler Campagne drëms, géint Gewalt géint iwwer Fraen ze sensibiliséieren. Sief et haislech, psychologesch, sexuell, ekonomesch oder och ëmmer méi dacks digital Gewalt.

Orange wier an dësem Kontext d'Faarf vu Courage, Solidaritéit an Determinatioun, soou d'Presidentin vum Conseil National des femmes Joëlle Letsch, déi betount huet, datt et Gewalt géingt Fraen iwwerall gëtt.

Hei zu Lëtzebuerg koum et d'lescht Joer zu ronn 1.300 Asätz vun der Police wéinst haislecher Gewalt. D'Affer ware majoritär Fraen oder Meedercher. 334 sou genannt Wegweisunge goufen ausgeschwat. Zuelen, hannert deenen eenzel Schicksaler stinn. Wou een net dierft ewechkucken. Dofir soll nieft der Präventioun an der Berodung grad och de legislative Kader verstäerkt ginn. Am Fokus stoung dëst Joer de Kampf géingt digital Gewalt.

Back to Top
CIM LOGO