Malaise wärend ChamberkommissiounDeputéiert Barbara Agostino fir Kontroll a Spidol ageliwwert

Pierre Jans
Kuerz no 9 Auer en Dënschdeg de Moie war de Livestream vun der Chamberkommissioun fir Educatioun op eemol ënnerbrach.
D’DP-Deputéiert Barbara Agostino huet mussen an d’Spidol gefouert ginn
© Pierre Jans

Wien nogekuckt huet, konnt nach gesinn, wéi op eemol Opreegung am Reuniounssall war. D’Deputéiert waren informéiert ginn, dass d’DP-Deputéiert Barbara Agostino, Presidentin vun der Kommissioun, baussent dem Sall e Malaise gemaach hat.

Aner Deputéierter waren opgesprongen an a Richtung ënneschte Bildrand gelaf.

RTL-Reporter, déi fir d’Finanzkommissioun an der Chamber waren, hunn d’Arrivée vun der Ambulanz an dem SAMU gesinn.

Op Nofro hi krute mir vun der 43 Joer aler Gemengeconseillère vu Péiteng Barbara Agostino confirméiert, dass si fir eng Kontroll an d’Spidol komm war. Hir géif et elo gutt goen. Si wär awer iwwerschafft. Deemno hätt si vun den Dokteren un d’Häerz geluecht kritt, temporär méi lues ze maachen. Si géif deem Rot nokommen an hir politesch Aktivitéiten elo zwou Woche roue loossen.

D’Politikerin ass zanter 2022 och Foraine.

De Livestream vun der Kommissioun war kuerzzäteg ënnerbrach
De Livestream vun der Kommissioun war kuerzzäteg ënnerbrach
© Pierre Jans

Back to Top
CIM LOGO