Invité vun der Redaktioun (11. Dezember) - Neien Aarbechtsminister Marc SpautzSozialdialog: "Et soll ee Mol fir d'éischt matenee schwätzen, iert een iwwertenee schwätzt"

François Aulner
En Donneschdeg de Moie war d'Regierungsëmbildung Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Marc Spautz
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Wann d’Vertraue mat de Gewerkschaften a mam Patronat kéint nees hiergestallt ginn, da kéint een och Solutioune fannen. Dovunner ass de Marc Spautz kuerz viru senger Vereedegung als neien Aarbechtsminister en Donneschdeg de Moien hei op RTL ausgaangen. De Marc Spautz ersetzt de Georges Mischo, dee fir d’Gewerkschafte Feel op der Plaz war, mee d’Patronat awer och op sengem Honger sëtze gelooss huet.

Den neien Aarbechtsminister huet sech virgeholl dozou bäizedroen, “d’Spannungen tëscht Gewerkschaften a Patronen ofzebauen”. Fir kënnen Decisiounen am Interessi vun der Lëtzebuerger Ekonomie a vun de schaffende Leit ze huelen. Wéi wëll hien dann d’Gewerkschaften, déi nei maximalistesch Fuerderunge gestallt hunn an d’Patronat, dat no zwee Joer CSV-DP enttäuscht ass, nees un e gemeinsamen Dësch bréngen? “Et soll ee Mol fir d’éischt matenee schwätzen, iert een iwwertenee schwätzt”, esou de Marc Spautz.

Dem neien Aarbechtsminister no misst een iwwert all d’Dossiere mat deene schwätzen, déi dovunner betraff wieren. Mat de Gewerkschaften OGBL, LCGB, CGFP an der Unioun vun den Entreprisen, mee net nëmmen: hie wéilt och mat de jeeweilege Federatioune schwätzen, well “d’Uspréch an der Industrie sinn anerer ewéi am Commerce an déi am Handwierk sinn anerer ewéi an de Banken”.

Firwat hu weder de Premier Luc Frieden, nach den Aarbechtsminister Georges Mischo dat net déi lescht zwee Joer scho probéiert ? De Marc Spautz “hëlt un”, datt hien elo gefrot ginn, ass d’Relève z’iwwerhuelen, well hien als fréiere Gewerkschaftler a Mecanicien d’Situatioun “an de Betriber an um Terrain” gutt géing kennen. “D’Saach” géing sech vläicht mat de Leit um Terrain anescht entwéckelen, “ewéi wann een dat ëmmer op engem anere Niveau mécht”.

Relatioun mam Premier “net esou schlëmm ewéi et dacks duergestallt gëtt”

Den neien Aarbechtsminister war ganz diplomatesch, wéi hien iwwert seng Relatioun mam Premier Luc Frieden geschwat huet. Als CSV-Fraktiounschef war hie jo net ëmmer op enger Linn mat him. De Marc Spautz sot mat e bësse Nervositéit dat wier “net esou schlëmm ewéi et dacks duergestallt gëtt”.

Wann et nees “méi Rou” géing ginn an “aner Duerstellungen no Baussen”, da wäerten d’Resultater an de Sondagë fir de Premier nees an eng aner Richtung goen, esou de Marc Spautz. Den neie Minister huet deemno net direkt op d’Fro geäntwert, ob hie méi Gewiicht an der Regierung hätt, well hien de selwechte Score ewéi de Luc Frieden am leschten Ilres Sondage fir RTL an d’Wort huet.

Op d’Fro, ob den éischte Premier, deen net am Top 10 an engem Sondage ass, dann nach de richtege Mann wier, fir d’Land oder d’Partei als President ze leeden, huet de Marc Spautz geäntwert: “De Luc Frieden huet als Premier Dossieren ugepaakt, déi scho laang Joren net méi ugepaakt gi sinn.” Op d’Remarque, datt et jo ëm d’Aart a Weis geet, “ewéi” hien dat ugepaakt huet, huet den Invité säi Saz widderholl mat der Ajoute, datt a Frankräich Regierunge wéinst Rentereforme gestierzt sinn.

Wat de Georges Mischo ugeet, huet de Marc Spautz kloer gesot, et wier een net ëmmer enger Meenung gewiescht Soss wier et awer ëmmer eng ganz fair Zesummenaarbecht gewiescht. Se wieren ëmmer Kolleeg gewiescht a si géingen dat och elo bleiwen.

Invité vun der Redaktioun: Marc Spautz

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO