Spuerkeess verdeedegt sech géint Virwërf

D’Spuerkeess behaapt an engem Communiqué e Mëttwoch nach emol, datt d’Amende, déi se vun der Finanzopsiicht CSSF krut, näischt mat der Fraude ze dinn hätt.
D’CSSF hätt "strukturell" Schwächte bei de Kontroll-Dispositiffe festgestallt, schreift d’Spuerkeess. Mee et wier wichteg z’ënnersträichen, datt d’Auteure vun der Fraude net aus der Bank wieren, an et onméiglech wier ze soen, ob eng besser Kontroll et erméiglecht hätt, esou "exzeptionell" Operatioun ze detektéieren oder ze verhënneren.
D’Spuerkeess hëlt och hir Mataarbechter a Schutz: D’Prozeduren, déi zum Moment vun den Transaktiounen a Kraaft waren, wiere respektéiert ginn an et géing kee Feelverhale ginn. D'Bank gëtt op d’mannst zou, datt hir Dispositiffen net fräi vun all Schwächt wieren.
D’Vertrieder vun der Spuerkeess rechtfäerdegen dann och hiert Verhalen an der Chamber-Spezialkommissioun iwwer d’Caritas-Affär de 5. Mee. D’Bank wier zwar schonn zanter puer Deeg vun der CSSF informéiert gewiescht, datt se eng Amende géing kréien, mee d’Prozedur wier net ëffentlech an nach amgaang gewiescht. D’Vertrieder hätten objektiv, mat guddem Glawen op d’Froen vun den Deputéierte geäntwert.
D’Spuerkeess schwätzt an hirem Communiqué vill vun finanzielle Frauden, déi op eng "spektakulär" Aart a Weis evoluéiert hätten. D’Bank, déi dem Staat gehéiert, hätt antëscht eng Rei Mesuren ënnerholl, fir dorobber ze reagéieren, mee se schreift och, datt kontinuéierlech Verbesserungen néideg wieren.
D’Kreditlinnen
D’Direktesch vun der Spuerkeess hat an engem Interview um Radio 100,7 gesot, se géing och kucken, fir mat der Fondatioun Caritas en aussergeriichtlechen Accord ze fannen, fir ze kucken, ewéi ee mat de Kreditter ëmgeet, déi opstinn.
Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot hat RTL gesot, datt d’Spuerkeess sech ausserhalb vum Geriichtssall wëll eens ginn, wier eng Zort Aveu vun hirer Matresponsabilitéit. Dat léisst d’Spuerkeess-Directrice Françoise Thoma awer net gëllen:
"Esou eng Transaktioun oder e Kompromëss ass keen Aveu vu Responsabilitéit. Mee wéi mer virdrun gesot hunn, mir sinn eis jo awer och bewosst, datt eng Rei vun Lacunnen an eisem System waren. Ma nach eng Kéier: Mir kënnen net soen, datt wann déi déi Lacunnen net am System gewiescht wieren, ob dann déi Fraude do net geschitt wier. Dat ass net méiglech ze soen. Mee mir fannen, datt mir opgrond vun eisem Rôle sollen, fir eng Léisung ze fannen."
Wéi déi Léisung kéint ausgesinn, wollt d’Directrice vun der Spuerkeess zu dësem Zäitpunkt net soen.
D’Spuerkeess hat eng Linn vun 10 Milliounen Euro ginn an d’BGL BNP Paribas eng vun 23 Milliounen Euro. D’Europäesch Zentralbank analyséiert aktuell nach, ob d’Banken hei Feeler gemaach hunn oder net. Wat Kreditlinnen ugeet, ass d’EZB fir d’Iwwerwaachung zoustänneg an net d’CSSF.
D’Amende vun der Lëtzebuerger Finanzopsiicht bezitt sech op d’Virementen, déi d’Banken ofgewéckelt hunn. D’BGL BNP Paribas krut op deem Volet keng Strof.
Schreiwes vun der Spuerkeess (6.8.25)
À l’attention des rédactions,
À la suite de la décision de la CSSF de prononcer une sanction administrative à l’encontre de Spuerkeess, la Banque souhaite s’exprimer avec clarté et transparence envers toutes les parties concernées.
Depuis plusieurs années, et notamment depuis 2020, Spuerkeess a engagé un travail de fond pour renforcer constamment ses dispositifs de contrôle et de conformité.
De nombreuses mesures ont été mises en œuvre entretemps et des progrès significatifs ont été réalisés.
Néanmoins, des améliorations continues restent nécessaires au regard de l'évolution et de la sophistication croissante de la fraude.
Ce processus est continu et reflète notre engagement à maintenir les standards les plus élevés en matière de sécurité financière.
En tant que banque étatique et systémique et en tant qu'acteur de référence du secteur financier luxembourgeois, nous assumons pleinement notre rôle dans la prévention des risques et la protection de l’intégrité du système. La fraude financière a évolué de manière spectaculaire, marquée par une sophistication croissante qui pose des défis majeurs à l’ensemble du secteur. La CSSF a relevé certaines insuffisances structurelles dans nos dispositifs de contrôle. Ces constats ne sont pas en lien direct avec l’affaire Caritas et la CSSF confirme elle-même qu'elle ne se prononce pas par rapport à une quelconque responsabilité de la Banque dans le dossier Caritas ou sur un lien de causalité.
Il convient donc de distinguer clairement cette amende de la fraude dont la Fondation Caritas a été victime.
Cette fraude, d’une ampleur exceptionnelle, a eu un impact significatif sur notre institution. Elle a impacté le secteur associatif dans son ensemble de même que les collaborateurs de la Banque. Nous déplorons les effets que cette situation a pu engendrer pour les parties concernées, y compris nos clients et nos équipes.
Il est important de rappeler que les auteurs de cette fraude sont externes à Spuerkeess. Il n'est pas possible de déterminer si un dispositif plus mature aurait permis de détecter ou de prévenir une opération aussi exceptionnelle.
Au moment de la séance à la Chambre des députés du 5 mai, Spuerkeess avait été informée depuis quelques jours que la CSSF entendait prononcer une sanction administrative. Cependant, la procédure, qui n'est pas publique, était encore en cours, c’est pourquoi, face aux députés, la Banque n'aurait pas pu se prononcer sur ce sujet. Spuerkeess tient à souligner qu’elle a répondu aux questions posées lors de la commission spéciale de la Chambre sur l’affaire Caritas de façon objective et en toute bonne foi.
Nos collaborateurs ont respecté les procédures en vigueur au moment des transactions concernées et n'ont donc pas eu de comportement fautif par rapport aux règles qu'ils avaient à respecter. Ceci ne signifie cependant pas que nos dispositifs étaient exempts de toute faiblesse et conforme aux attentes du régulateur à tous les niveaux de détail, comme en témoigne la sanction prononcée par la CSSF.
Spuerkeess souligne que son souci premier est de bien servir ses clients, en leur offrant des services de qualité sur base de solidité financière.