Spuerkeess-Directrice Françoise Thoma denkt net drun, Konsequenzen ze zéien

© RTL-Archiv
Huet d’Spuerkeess d’Chamber an der Caritas-Spezialkommissioun beduckst, well se näischt vun der CSSF-Amende sot?
D’Françoise Thoma wiert sech géint déi Virwërf. D'Directrice mengt net, datt si perséinlech Konsequenze misst zéien, obschonns dës déi drëtt Amende fir d’Spuerkeess bannent véier Joer ass. 2022 a 2024 war déi als systeemesch agestuufte – also besonnesch wichteg - Bank, nämlech scho vun der Europäescher Zentralbank sanktionéiert ginn, wéinst verschiddene Feeler beim Calcul vun hire Kapitalexigencen. Mat der neier Geldstrof vun der CSSF steet de Compteur op iwwer zéng Milliounen Euro. D’Françoise Thoma seet, d’Bankereglementatioun wier komplex.
"Mee mir sinn natierlech och als systeemesch Bank eng kleng Bank um europäeschen an besonnesch um internationalen Niveau. A mir mussen do effektiv, säit mer systeemesch Bank goufen, hu mer ugefaangen, eng ganz Rei Saachen en place ze setzen. Do kann een net alles gläichzäiteg maachen, mir schaffen do permanent drun."
No dräi Amendë wéinst Verstéiss géint a Manquementer bei der regulatoreschen Ufuerderungen ënner hirer Direktioun, denkt d’Françoise Thoma net drun, perséinlech Konsequenzen ze zéien an ze demissionéieren:
"Ech wëll déi Bank hei an d’Zukunft féiere mat menger Ekipp. A mir wëllen do de beschtméigleche Service um Client hunn an déi gréisstméiglech Konformitéit zu eise reglementairen Obligatiounen", esou d’Françoise Thoma.
Datt d’Spuerkeess-Vertrieder der Caritas-Spezialkommissioun näischt vun der Amende soten, erkläert si domat, datt d’Prozedur zu deem Zäitpunkt nach net ganz ofgeschloss war. D’Bank hat nach Méiglechkeet, Recours ze maachen. Dowéinst hätt een net kënnen driwwer schwätzen, seet d’Françoise Thoma.
"Dat war zu deem Zäitpunkt net méiglech. Sollten do Malentenduë sinn, dann deet dat eis wierklech Leed, well dat war wierklech net eis Intentioun."
Wéi erkläert een, datt d’Chamber gesot krut, et wiere keng Feeler bei der Bank geschitt? De Romain Wehles aus der Direktioun seet:
"D’Prozeduren, wéi mer se deemools haten, agehale gi sinn, vun de Conseilleren an der Vente. Just datt deen Dispositif eben Amelioratioune brauch, dat hu se jo och ganz kloer beschriwwen."
"Mir hunn awer am selwechten Otemzuch gesot - an dat hu mer och e puer Mol widderholl - datt eis Prozedure perfektibel sinn, datt se op verschiddene Plazen nach Lacunnen opweisen", seet hirersäits d’Françoise Thoma.
D’CSSF hat festgestallt, datt den Dispositif et net erlaabt huet, Schemae vu suspekten Transaktiounen z’erkennen oder z’erkennen, ob Transaktiounen dem Profil vum Client entsprach hunn. Wier d’Caritas-Fraude ouni dës Lacunnen opgefall? D’Françoise Thoma bleift dobäi: "Dat ass wierklech net méiglech ze soen. Dofir kann een och net soen, datt do e Lien de causalité z’etabléieren ass."
D’Spuerkeess berifft sech dobäi op d’Bankenopsiicht, CSSF. Ma déi hat geschriwwen, et wier net un hir, sech iwwert d’Responsabilitéit vun der Bank an dee Lien de causalité ze prononcéieren. Och d’Françoise Thoma muss zouginn: dat schléisst net aus, datt e Geriicht zu engem spéideren Zäitpunkt d’Responsabilitéit vun der Bank kéint festhalen: "Ob dat eventuell an anere Prozedure gekläert gëtt, dat ass à voir, mee ob jidder Fall, dat war jo och net den Objet vun der Analys vun der CSSF."
D’Spuerkeess ass an Negociatioune mat der Caritas, fir sech ausserhalb vun de Geriichter eens ze ginn. En Aveu vu Responsabilitéit gesäit d’Bank do dran net.
"Esou eng Transaktioun oder e Kompromëss ass keen Aveu vu Responsabilitéit. Mee wéi mer virdru gesot hunn, mir sinn eis jo awer och bewosst, datt eng Rei vu Lacunnen an eisem System waren. Ma nach eng Kéier: Mir kënnen net soen, datt wann déi déi Lacunnen net am System gewiescht wieren, ob dann déi Fraude do net geschitt wier. Dat ass net méiglech ze soen. Mee mir fannen, datt mir opgrond vun eisem Rôle sollen op de Client zougoen, fir eng Léisung ze fannen."
Wéi déi Léisung kéint ausgesinn, wollt d’Directrice vun der Spuerkeess zu dësem Zäitpunkt net soen. Ma dës Negociatiounen hätte virun e puer Méint ugefaangen, also ier bekannt gouf, datt d’Spuerkeess vun der CSSF eng Geldstrof krut.