Stroumpann an der Gemeng Parc Housen behuewenBam war duerch Keelt op elektresch Leitung gefall

RTL Lëtzebuerg
An der Gemeng Parc Housen gouf et op Chrëschtdag eng gréisser Stroumpann.
© RTL Archivbild

Dat huet de Buergermeeschter Romain Wester eis op Nofro hi confirméiert An der Mëttesstonn war de Stroum a verschiddenen Uertschaften an der Gemeng fortgaangen. No enger Stonn war d’Elektrescht plazeweis nees do, ass méi spéit awer nees fortgaangen. Vum Reseausbedreiwer Creos si mir gewuer ginn, datt Equippen op d’Plaz geschéckt goufen an, datt intensiv nom Probleem gekuckt gëtt.

No bal zwou Stonne koum dunn de Message vum Bedreiwer Creos, dass de Probleem lokaliséiert a behuewe konnt ginn. Als Ursaach gouf e Bam genannt, deen duerch “ongënschteg meteorologesch Konditiounen op eng elektresch Leitung gefall wier”. De Stroumfournisseur huet sech och un d’betraffe Leit geriicht:

“Am Numm vun der Creos wëlle mir eis fir d’Onannehmlechkeeten entschëllegen, déi duerch déi opgetrueden Pann an der Gemeng Parc Housen entstane sinn. Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.”

Back to Top
CIM LOGO