D'Pré-Solde sinn ugelaf"D’Geschäftsleit passe sech de Clienten un"

Jeannot Ries
Sechs Deeg iert d'Solden offiziell ufänken, war d'Stater Groussgaass scho schwaarz vu Leit.
© Jeannot Ries - rtl.lu

Opgefall sinn déi vill Gefierer aus dem Ausland an de Parkhaiser. Eng Zort Barometer, fir déi Responsabel vun der ‘Luxembourg Retail Federation’. “Wa keng Platz méi an de Parkhaiser ass, heescht dat och, datt d’Leit do sinn. A mir gesinn e kloren Trend, datt daagsiwwer d’Parkhaiser besat sinn, awer och owes”, sou de Robert Goeres, President vun der LRF.

Hunn d’Leit nach Geld an der Täsch?

Jo! Well jee no Branche gouf et e Samschden am Nomëtte Gedrécks. Bei de Keese war Gedold gefrot. Kee Wonner. Et goufe scho bis zu 50 Prozent. Iert d’Solden ufänken, nennt een dat ‘Mid Season Sale’, ‘Journées Privilèges’, ‘Ventes Privées’ oder einfach ‘Présoldes’.

“Den Online-Handel, d’Sozial Medie ginn den Toun un. An et ass do, wou de Client sech drun orientéiert. Nach an all den Zäiten huet sech de Commerce missen adaptéieren. An et ass wou déi eenzel Commercë sech adaptéiere fir dem Client gerecht ze ginn, dem Client nozelauschteren”, sou de Robert Goeres wieder.

"D’Geschäftsleit passe sech de Clienten un"
Sechs Deeg iert d’Solden offiziell ufänken, war d’Stater Groussgaass scho schwaarz vu Leit.

D’Zäit vun de gudden Affäre gëtt hautdesdaags Enn November mam Black Friday agelaut. Déi zweet Ronn laut den Optakt vun den offizielle Solden an. Déi iwwregens vum 2. bis den 31. Januar sinn.

“Dëse Summer huet d’ILRES eng Etude gemaach a 60% vun de Lëtzebuerger déi befrot gi sinn, déi waarden op d’Solden. Erstaunlecherweis waarden se op d’Solden hei zu Lëtzebuerg. Et si manner wéi 20%, déi vun de Solden aus der Groussregioun profitéieren”, sou de President vun der ‘Luxembourg Retail Federation’.

Wien es net genuch krut, dee kann e Sonnde schonn nees lassleeën

Op ville Platze sinn d’Geschäfter och um Sonndeg op. Ugeschwat, ob d’Ännerung vum Gesetz wat Ouvertureszäiten ubelaangt, ass de President vun der ‘Luxembourg Retail Federation’ der Meenung, datt déi meescht Geschäftsleit an enger éischter Phase d’Reaktioun vum Client teste wäerten, an dann d’Rechnung maachen. Fir d’Uewerstad gesäit de Robert Goeres keng grouss Nofro, fir zum Beispill generell sonndes op ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO