Affär ëm Crèche "Léiwe Léiw" zu BousDirectrice gëtt zu 36 Méint Prisong verurteelt, dovunner 24 mat Sursis

RTL Lëtzebuerg
An der Affär ëm d'Crèche "Léiwe Léiw" zu Bous, déi am Oktober 2017 zougemaach gouf, ass en Donneschdeg de Moien d'Urteel gesprach ginn.
© RTL Archiv

Déi ugekloten Directrice gouf um Stater Geriicht an éischter Instanz also zu 36 Méint Prisong, dovunner der 24 mat Sursis verurteelt. D’Fra, där Kierperverletzung géintiwwer 15 vun de klenge Kanner an op mannst dräi deemolege Mataarbechter virgeworf gouf, muss deemno ee Joer fest an de Prisong. D’Defense hat e Fräisproch gefrot. De Parquet eng Prisongsstrof vu 4 Joer.

En Donneschdeg de Moien hunn d’Riichter och eng Geldstrof vun 3.000 Euro gesprach. D’Ugekloten dierf an den nächste 5 Joer keng nei Strofdot begoen a si kritt wärend 5 Joer hir politesch an zivil Rechter vum Code pénal oferkannt. D’Geriicht huet donieft enger Partie civile e moralesche Schuedenersatz vun 1.000 Euro zougestanen. Eng zweet Partie civile kritt 330 Euro materielle Schuedenersatz.

Am Prozess hate fréier Mataarbechterinnen déi Ugekloten als aggressiv beschriwwen. Si wier handgräiflech géintiwwer dem Personal ginn a wier net fir de Beruff gemaach gewiescht. Kanner an der Crèche wiere forcéiert ginn z’iessen, obwuel se gekrasch hunn a bis si sech deels iwwerginn hunn. Och wieren déi Kleng net reegelméisseg frësch gemaach ginn, well een hätt wëlle spueren. D’Wëndele wiere rationéiert ginn.

D’Crèche ass am Oktober 2017 vum Educatiounsministère zougemaach ginn. D’Faiten, déi viru Geriicht verhandelt goufen, ginn op d’Joren 2014 bis 2017 zréck.

Back to Top
CIM LOGO