
Schonn am Nomëtteg géint 15.30 Auer krut d’Police eng aggressiv Persoun zu Ettelbréck am Entréesberäich vum Spidol gemellt, déi do einfach net fort wollt. Wéi d’Policebeamte bis op der Plaz waren, huet se kleng bäiginn. Si gouf wéinst hirem héijen Alkoholpeegel no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest bruecht.
Géint 20 Auer gouf eng aggressiv Persoun an engem Café an der Rue Xavier Brasseur zu Esch gemellt. Dës huet enger Serveuse reprochéiert hiren Telefon geklaut ze hunn. Beim Erausgoen huet se d’Dier vum Café beschiedegt. Och d’Policebeamte konnten déi staark alkoholiséiert Persoun net berouegen a si gouf doropshi mat an den Arrest geholl.
Géint 21 Auer du gouf an der Stad eng alkoholiséiert Persoun gemellt, dat an engem Bus an der Rue du Glacis um Lampertsbierg. Wéi se aus dem Bus geklommen ass, ass se gefall an huet sech blesséiert. D’Sanitäter wollte sech ëm d’Persoun këmmeren, ma dat war net méiglech. Si huet sech souwuel verbal wéi och physesch gewiert. Nieft der Nuecht am Passagearrest koum nach e Protokoll wéinst Beamtebeleidegung a Menacen dobäi.
Kuerz virun Hallefnuecht gouf d’Police an d’Rue Bender an der Stad geruff, well hei eng staark alkoholiséiert Persoun opfälleg ginn ass. D’Arrivée vun de Poliziste war net wierklech eppes, wouriwwer d’Persoun sech gefreet huet, ma si huet direkt e puer mol op de Policewon geschloen an huet haart gejaut. Well se bei der Kontroll aggressiv géintiwwer de Beamte war, huet se mussen immobiliséiert ginn a si koum an de Passagearrest.
An der Nuecht op e Samschdeg haten dann och zwee Automobilisten ze déif an d’Glas gekuckt. Géint 01.45 Auer war een Auto am Kreesverkéier op der Areler Strooss zu Stroossen bäigaangen. Déi dräi Leit am Gefier koume fir eng Kontroll an d’Spidol. Well dem Chauffer säin Alkoholtest positiv war, krut hien de Fürerschäin ofgeholl.
Genee wéi géint 3.20 Auer op der A4. Do war een Auto am ZickZack ënnerwee a konnt op Héicht vu Steebrécken gestoppt ginn. Och hei hat de Chauffer ze vill gedronk an huet säi Permis mussen ofginn.