
De Pressedéngscht vun der Regierung hätt einfach decidéiert, deen Deel vun de Pressekonferenzen an deenen d'Journaliste Froe stellen, net méi komplett accessibel ze maachen.
Op Nofro hin hätt ee gesot kritt, et géif een d'Froen net ëmmer héieren an d'Postproduktioun géif mat de Froen ze laang daueren. Déi integral Pressekonferenze fënnt een nëmmen nach iwwert de Link, deen un d'Press geet.
Dat wier en Agrëff an d'Pressefräiheet, deen d'Gewerkschaft net acceptéiere wëll. D'Regierung géif op en neits weisen, datt si sech an der Informatiounspolitik zeréckhale géif an d'Medie fir hir Selbstinzenéierung mëssbrauche géif. D'ALJP fuerdert, datt d'Pressekonferenzen nees integral verëffentlecht ginn an datt d'Regierung endlech hiert Verspriechen aus dem Regierungsprogramm aléisst an den Informatiounszougang fir Journalisten am Pressegesetz verankert.