Gilles Roth"D'KI ass eng Chance fir d’Finanzplaz, wa se richteg genotzt an encadréiert gëtt"

Claudia Kollwelter
72% vun de Posten op der Finanzplaz sollen enger Etüd no direkt oder indirekt vun kënschtlecher Intelligenz impaktéiert sinn
© Ministère des Finances

“D’kënschtlech Intelligenz ass eng Chance fir d’Finanzplaz, wa se richteg genotzt an encadréiert gëtt.” Dat huet de Finanzminister Gilles Roth en Donneschdeg de Moien an der Chamber op eng erweidert Fro vum CSV Deputéierten Laurent Mosar iwwert den Impakt vun der KI op de Finanzsecteur betount.

72% vun de Posten op der Finanzplaz sollen enger Etüd no direkt oder indirekt vun kënschtlecher Intelligenz impaktéiert sinn, huet de Minister präziséiert. Dat géif awer net heeschen, datt déi Posten ofgebaut ginn, mee hir Aarbecht wäert eng aner ginn. Eng ganz Partie Beräicher wiere betraff.

De Gilles Roth nennt eng Partie Beispiller:

“An der Fongenindustrie zum Beispill géif automatesch en Update, dat heescht eng Erneierung vun de sougenannte Prospekter, déi gemaach ginn, op der Bourse, op anere Punkten, duerch d’kënschtlech Intelligenz gemaach ginn. An dem Beräich vun der Geldwäschreglementéierung - Dir wësst déi ass extreem komplex - do gëtt d’kënschtlech Intelligenz agesat, fir Verhalensmustere vu Clienten ze bewäerten. A wann e Client do erausfält, jo, da gëtt dee Fall méi genau gekuckt.”

De Gilles Roth iwwer KI op der Finanzplaz

Den national Dateschutzkommissioun, d’CNDP géif iwwerdeems mat der Bankenopsiicht CSSF an der Assurancenopsiicht zesummeschaffen, fir alles ze kontrolléieren. Et wéilt een eng zolidd, stabel a robust Finanzplaz, an trotz kënschtlecher Intelligenz misst de Mënsch weider d’Iwwerhand iwwert d’Maschinn halen, huet de Gilles Roth nach betount.

Back to Top
CIM LOGO