Sonndesinterview mam Jackie Messerich"D'Lëtzebuergesch ass net um Ausstierwen"

Christophe Hochard
D'Jackie Messerich setzt sech zanter Joerzéngte fir d'Lëtzebuerger Sprooch an, déi fir si zum Patrimoine gehéiert. Wichteg wär et, déi eege Mammesprooch ze fërderen.
Eng méi grouss Plaz vun eiser Sprooch an de Schoule fuerdert d'Professesch
© Pedro Venancio

Ënnen am Gronn bei der Statu vum Melusina treffen ech mech mam Jackie Messerich. Zënter iwwer 30 Joer gëtt si Lëtzebuergeschcoursen an engagéiert sech, fir hir eege Mammesprooch ze fërderen an d'Leit ze motivéieren, déi ze léieren.

"D'Lëtzebuerger Sprooch huet sech enorm entwéckelt"

D'Jackie Messerich ass begeeschtert iwwert d'Entwécklung vun eiser Sprooch. Souwuel wat d'Unzuel u Leit betrëfft, déi dës Sprooch léiere wéilten, ewéi och d'Fuerschung iwwert d'Sprooch.

"Duerch d'Uni Lëtzebuerg an d'Luxemburgistik huet sech eis Sprooch enorm entwéckelt. Et ass och eng interessant Sprooch, well se och nach esou jonk ass, wat d'Fuerschung ubelaangt. Dat gëllt och fir den Interessi un der Sprooch". Och wéinst der Didaktik wär et immens interessant. Wéi enseignéieren ech eng Sprooch, déi nach net esou ganz standardiséiert ass? Och am Beräich vun de Léierwierker hätt sech vill gedoen, sou d'Jackie Messerich am RTL-Gespréich.

"Et ass keng Sprooch, déi um Ausstierwen ass. Dat gleewen ech iwwerhaapt net". Et dierft ee se awer net fale loossen. Do ass sech d'Sproocheprofessorin eens, soss géif d'Sprooch verkëmmeren.

D'Jackie Messerich fënnt et immens flott, dass mir eng Sprooch hunn, déi e bëssi méi originell ass. Déi net all Leit sou kéinte schwätzen. "De Räichtum ass eis Méisproochegkeet. Dat ass eisen Atout".

"D'Lëtzebuergescht misst e bëssi méi eng grouss Plaz an de Schoulen hunn"

Dovunner ass d'Jackie Messerich iwwerzeegt. "Et muss een oppassen, dass d'Kanner déi Däitsch, Franséisch a vläicht nach eng aner Sprooch doheem musse léieren, dass se net iwwerfuerdert ginn", sou d’Professorin fir d’Lëtzebuergescht. Virun allem och, wat Kultur a Literatur ubelaangt, kéint d'Lëtzebuergescht méi Plaz an de Schoule kréien. "Dat fannen ech e bëssi traureg, wann een d'Leit freet, wat fir eng Auteure kennt dir oder wat fir eng Regisseuren. Do kommen dacks net vill Nimm oder Referenzen. Dat fannen ech schued."

"D'Lëtzebuergescht soll keng Geheimsprooch doheem bleiwen"

Vill Eltere léiere Lëtzebuergesch, fir hir Kanner doheem ze verstoen oder fir sech mat de Noperen ze ënnerhalen. "Duerch d'Kanner integréieren déi Erwuesse sech och immens. Dat ass fir si ganz dacks eng Motivatioun, fir eis Sprooch ze léieren."

Um INL, dem Institut national des langues, gëtt d'Jackie Messerich zanter aacht Joer Lëtzebuergeschcoursen. Déi Erwuesse géife sech méi schwéier dinn, eng Friemsprooch ze léieren ewéi Kanner. "Erwuessener brauche vill méi Zäit. Si hunn eventuell Probleemer, iwwerhaapt mat Sprooche léieren, mat der Logik vu Sproochen. Do muss een als Proff ganz aneschtes drun erugoen. Wann een dat op eng ganz kommunikativ an interaktiv Manéier mécht an d'Leit direkt mat abënnt a si no engem haarden Aarbechtsdag nach gären an de Cours kommen, da kënne si eng Friemsprooch mat der Grammaire an dem Vokabulär léieren."

Fënnef verschidden Niveaue ginn um INL ugebueden. Vun A1 bis C1. "Mir hunn och Coursen op C1 Niveau, wou och Leit hikommen, fir e bëssi iwwer Literatur, Kultur ze léieren. Oder e bëssi méi Fachsproochelëtzebuergesch nach ze léieren." An engem Owescours sëtzen tëscht 15 bis 23 Leit. Ganz vill Ufängercourse ginn an der Schoul um Lampertsbierg ugebueden. Wat d'Niveaue méi héich ginn, wat allerdéngs ëmmer manner Leit an de Klasse sëtzen. 70 Lëtzebuergeschproffe schaffen um Institut national des langues. "Mir si gutt beschäftegt. Mee mir schaffe jo just net nëmmen als Proff. Eng Partie Leit schaffe Methoden- a Léierbicher aus", erkläert déi ganz engagéiert Jackie Messerich.

Frou ass d'Jackie Messerich och, dass souwuel zu Arel ewéi och am Grand Est an de Lycéeë Lëtzebuergesch als Cours ugebuede gëtt. "Engersäits ass dat fir Leit, déi Virfaren zu Lëtzebuerg hunn oder haten, wou d'Bomi Lëtzebuergesch geschwat huet. Et ass awer och ganz wichteg fir den Aarbechtsmaart. Sou ginn d'Leit preparéiert, fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen."

"Grouss Demande an Alters- a Fleegeheemer"

An dësen Institutioune schaffe vill Leit, déi schonn e bëssi Lëtzebuergesch kéinten, wou et awer net duer géif goen, fir sech vill mat de Bewunner z’ënnerhalen. "Dës Leit kommen dacks op eis duer, fir spezifesch Coursen ze kréien. Mir ënnerstëtze si dann och mat didakteschem Material."

Wichteg wär et och, fir mat Leit, déi eis Sprooch léieren op Lëtzebuergesch ze schwätzen. "Mir si jo immens héiflech, direkt an där Sprooch mat engem ze schwätzen, wat net Lëtzebuergesch ass an anerersäits meckere mir, wa kee Lëtzebuergesch schwätzt", sou d'Jackie Messerich. "Mir hunn dat schonn sou dacks héieren, dass d'Leit soen, ech ginn a mäi Cours an da kommen ech eraus an et ass déi eenzeg Plaz, wou ech Lëtzebuergesch schwätzen. Ech hu keng Geleeënheet, Lëtzebuergesch ze schwätzen. Et soll ee sech d'Méi ginn, net direkt mat der Sprooch ze switchen. Och wann et engem immens schwéier fält. U sech bräicht jiddereen, dee Lëtzebuergesch léiert, e Batch, wou dropsteet, ech léiere Lëtzebuergesch, schwätz Lëtzebuergesch mat mir", seet déi ganz engagéiert Enseignante.

Komco-Projet am INL

Komco steet fir Kommunikatiounscoach. Bei dësem Projet gi Leit ausgebilt, déi an engem Betrib schaffen, fir Mataarbechter ze begleeden, déi Lëtzebuergesch léieren. Dëst op eng ganz frëndschaftlech, kollegial Manéier.

Bis ewell war et e Pilotprojet. Um Internetsite vum INL ginn et méi Informatiounen. D'Formatioun dauert ee Semester. Et si souwuel presentiel- ewéi Onlinecoursen. Am Ganze sinn et 40 Stonnen. "Dacks ginn d'Leit, déi eng Friemsprooch léieren, gäre corrigéiert. De Probleem wär, dass ee sech dann net traut, deemjéinegen op seng Feeler hinzeweisen."

"Ech wéilt mech net gären als Schrëftstellerin bezeechnen"

"Ech schreiwe gären, beobachte Leit gären an huele mir dann och Notten." Dëst erzielt mir d'Jackie Messerich. "Den Ament schaffen ech Léierbicher aus. Dat hëlt mir meng ganz Kreativitéit an Energie." An hirer Pensioun ka si sech awer gutt virstellen, hir Schrëftstellerei méi auszeliewen. "Ech fannen et einfach flott, Geschichten ze erzielen. Et ass ëmmer gesot ginn, Lëtzebuergesch ass keng Literatursprooch. Dat ass net wouer. Eis Sprooch kann esou räich sinn an et kann een och kreativ domadder ëmgoen."

Kaweechelchen

Zënter 1993 engagéiert sech d'Jackie Messerich fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Fir hir ganz Beméiunge gouf si am Juni an der Nationalbibliothéik mam "Kaweechelchen" ausgezeechent. Dëst ass den Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch. "Fir mech war dat wierklech eng Unerkennung fir déi ganz Aarbecht, déi ech bis ewell gemaach hunn. Et ass mäi Beruff, mee ech hunn och ganz vill benevole Aarbecht dragestach. Ech hunn eng Zäitlaang eng ASBL geréiert ("Moien ASBL"), déi vill Zäit kascht huet."

D'Jackie Messerich huet zu Freiburg Däitsch studéiert. Fréier huet si a Frankräich Däitschcoursë ginn. Wei si dunn zréck op Lëtzebuerg koum, wollt si als Däitschproff schaffen, huet awer gesot kritt, datt éischter Lëtzebuergeschproffe gesicht géife ginn. Sou wär si zu hirem Beruff komm a seet selwer, et wär hiren Dramberuff gewiescht. "Et war e super Beruffsliewen. Ganz villfälteg. Ech konnt Course ginn, hu Saachen ausgeschafft, konnt e Projet leeden an ech hunn hoffentlech vill Leit motivéiert, Lëtzebuergesch ze léieren."

An zwee Joer kritt d'Jackie Messerich 65 Joer an da rifft d'Pensioun. "Ech däerf nach zwee Joer schaffen. Ech géif der gär nach méi, mee bon." Dobäi laacht déi gebierteg Staterin vu ganzem Häerzen.

Back to Top
CIM LOGO