Tëscht Waldhaff a SennengerbiergAutomobilist lant am Gruef, eng Persoun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt dräi Blesséierter an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg.
© Laurent Weber

Kuerz no 23 Auer e Samschdeg ass en Automobilist aus nach ongekläerte Grënn mat sengem Gefier am Gruef gelant, dat op der Streck tëscht dem Waldhaff an dem Sennengerbierg. Eng Persoun koum dobäi zu Schued, op der Plaz waren d'Ekippe vum CGDIS aus der Stad a vun Nidderaanwen.

Um kuerz no 8 Auer e Sonndeg de Moien ass en Auto an der Rue de Luxembourg zu Haassel verongléckt, dobäi goufen zwou Persoune blesséiert. D'Ekippen aus der Stad, vun Hesper a vu Weiler koumen op d'Plaz, genee wéi de Stater SAMU.

Back to Top
CIM LOGO