"Gediechtnes vun der Natioun"D'Nationalarchiv plënnert 2026 op de Belval

Anouk Siebenaler
50 Kilometer - esoulaang wier d’Streck aus Classeuren, wann een all d’Dokumenter aus dem Lëtzebuerger Nationalarchiv nieftenee stelle géif.

Wat fir Preparatioune brauch et, fir déi historesch Dokumenter plënnerbar ze maachen a wéi gesäit d’Aarbecht vun den Ekippen am Nationalarchiv aktuell aus?

50 Kilometer. Esoulaang wier d’Streck aus Classeuren, wann een all d’Dokumenter aus dem Lëtzebuerger Nationalarchiv nieftenee stelle géif. 50km Lëtzebuerger Geschicht, déi den Ament nach op verschiddene Sitte gelagert ass. Bis Enn d’nächst Joer soll dës awer am neie Gebai um Belval stoen.

D’Nationalarchiv gëtt als “Gediechtnes vun der Natioun” bezeechent an ass déi Plaz, op déi et Administratiounen, Chercheuren oder Privatpersounen zitt, wa se op d’Archiv vu Ministèren oder aneren ëffentleche Verwaltungen zougräife wëllen. All déi Dokumenter ginn hei nämlech gesammelt, versuergt an accessibel gemaach.

Vum “Provinzialarchiv” iwwer d’"Regierungsarchiv” zum “Staatsarchiv” huet hir Funktioun an hiren Numm iwwer d’Jore méi dacks changéiert. Genee esou ass et fir d’Adress. Zanter 1968 war déi an engem ale militäresche Gebai um Helleg-Geescht-Plateau. Déi 50 lafend Kilometer Dokumenter passen allerdéngs scho laang net méi an déi ursprénglech Depoten. Fir d’éischt hu se missen op de Gank, duerno op zousätzlech Sitten ausgelagert ginn, well de Stock ëmmer weider wiisst. Vum Fréijoer u soll op den neie Site um Belval geplënnert ginn, fir Oktober 2026 ass déi offiziell Ouverture geplangt.

Zanter Méint lafen op alle 6 Sitte parallel d’Virbereedunge fir di grouss Plënner. Zum enge fir eng Bestandsopnam vun der “Plënnerbarkeet” vun alle Verpackungen ze maachen, zum aneren awer och fir d’Organisatioun am neie Gebai ze optiméieren.

Back to Top
CIM LOGO