Meteolux warntDonnerwiederen, Knëppelsteng a Wandvitesse bis 70 km/h méiglech

Andy Brücker
Vun 10 bis 19 Auer gëllt eng Alerte jaune vum Nationale Wiederdéngscht.
©  by Envato BrianAJackson

No de waarmen Temperaturen aus der leschter Woch, gëtt et haut e bësse méi agreabel wat d'Temperaturen ugeet (18-24 Grad), ma dofir ginn et haut och deels kräfteg Schaueren. Lokal sinn Donnerwiedere méiglech, begleet vu staarkem Wand. Bis zu 70 km/h mellt Meteolux. Kachelmannwetter schléisst net aus, dass plazeweis och alt bis 80 km/h méiglech sinn.

© Meteolux.lu

An der Nuecht op e Mëttwoch ginn et Ufanks nach Schaueren, éier et da méi dréche gëtt, dat bei Temperaturen tëscht 9 a 14 Grad.

Back to Top
CIM LOGO