
No den hëtzegen Temperaturen déi lescht Deeg bréngt de Reen e Freideg Ofkillung. Dat allerdéngs zesumme mat Donnerwiederen, déi eréischt um Owend noloossen. An der Nuecht soll et dann nees dréche bleiwen, schreift MeteoLux. D'Temperaturen e Freideg sollen tëscht 20 a 25 Grad leien.
Wéinst dem staarke Reen e Freideg de Moie warnt den ACL viru plazeweis schlechte Stroosseverhältnisser. Et kann zu Aquaplaning kommen.