Wéinst Alkohol um SteierD'Police huet an der Nuecht zwee Permise provisoresch agezunn

RTL Lëtzebuerg
Zu Féiz an zu Ierpeldeng hate sech zwou Persounen hannert d'Steierrad vun hirem Auto gesat, déi dat besser net gemaach hätten.
© Laurent Weber

Zu Féiz war géint 23 Auer en Donneschdeg e Won ganz lues an am Zickzack fuerend ënnerwee. Wéi d’Beamten den Auto gestoppt hunn, ass hinnen de Geroch vun Alkohol staark opgefall. De Mann awer wollt net kooperéieren an d’Beamten hunn hie missten aus dem Auto zéien. Och um Policebüro wollt hie keen Alkoholtest maachen, dowéinst gouf de Permis provisoresch agezunn.

Zu Ierpeldeng war enger Patrull en Auto opgefall, andeem a Mann geschlof huet. De Motor vum Won wéi och d’Luuchte waren awer un an de Mann souz hannert dem Steierrad. Dësen hat e gudde Schlof, well d’Beamten hunn e puer Mol probéiert, de Mann z’erwächen. Eréischt, wéi si d’Dier vum Auto opgemaach hunn, war hinnen dat gelongen. De Chauffer war am Ufank nach net wierklech kooperativ, huet dono awer en Alkoholtest gemaach, éier hien op de Policebüro bruecht gouf. Well den Test positiv ausgefall war, krut hien de Permis ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO