ZeienopruffD'Police sicht no Déifställ zu Mamer no engem Mann

RTL Lëtzebuerg
Den 8. Mee ass et am "MAMER SHOP" zu Mamer zu enger Partie gewéinlechen Déifställ an zu engem Déifstall mat Gewalt komm.
© RTL Grafik

Den Täter hat eng Caissière op d'Säit gestouss an ass duerno mat de geklaute Saache fortgelaf. An deem Kontext sicht d'Police nom Mann, deen op dësen zwou Fotoen ze gesinn ass.

Alleguer d'Informatioune si fir de Policebüro vu Capellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 30 1000 oder via Mail u "Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu".

Back to Top
CIM LOGO