D’Police sicht no de Besëtzer vu verschiddene Bijouen, déi am Kader vun Ermëttlunge séchergestallt goufen. Et handelt sech ëm Aueren, Braceleten, Ketten an e Rank.
Falls ee seng geklaute Saachen erëmerkennt, kann ee sech bei der Police vun Iechternach um (+352) 244 72 1000 mellen oder per E-Mail op police.echternach@police.etat.lu.
D’Police mellt ënnert anerem nach en arméierten Iwwerfall e Sonndeg de Moien, dat am Garer Quartier an der Stad. Zwee Täter hunn eng Persoun mat engem Messer menacéiert an hir den Handy souwéi de Porte-Monnie ofgeholl. D’Brigangen hu sech dono duerch d’Bascht gemaach. D’Ermëttlunge lafen.