
Den Tim Pauly vum Service Preventioun erkläert: ‘’Déi Trickdéifställ am Tram, am ëffentlechen Transport allgemeng, hu mer ëmmer erëm haaptsächlech ëm Evenementer, wéi elo d'Fouer, déi usteet, wou een effektiv muss oppassen op seng Wäertsaachen. Portmonni, Handy am beschten an de Bannentäschen. Posch vir an net hannen um Réck, well et geet ganz schnell am Gedrécks, am Gewulls."
Zwou Dammen, déi wärend der Oktav Affer vun Täschendéif am Tram goufen, erklären am RTL-Interview, wéi séier et nomëttes géint 16 Auer goung um Arrêt Hamilius. Gedrécks, en Oflenkungsmanöver. U sech war et en typesche Schema, fir um Enn 30 Euro ze klauen. D'Bankkaarten an den Handy hunn d'Täschendéif net intresséiert.

Sief et op Punkto Preventioun oder och no enger Dot, déi Responsabel vu Luxtram schaffen am Alldag ganz enk mat der Police zesummen. Detailer gi bewosst keng genannt.
‘’Darüber hinaus haben wir auch einen privaten Sicherheitsdienst, der in der Tram unterwegs ist, und das während der gesamten Betriebszeit. Also ich werde jetzt hier nicht auf die genauen Rhythmen eingehen, wann die mitfahren, aber er ist konstant da, um eben auch dort von unserer Seite aus so weit das möglich ist, gegen zu steuern." sou den Helge Dorstewitz, Generaldirekter vu Luxtram
‘’Nee, ech hunn näischt gemierkt. De Polizist huet och gesot, dat sinn esou professionell Leit, also do mierkt ee guer näischt." sou den Temoignage vun engem Affer.
Den Tim Pauly vum Service Preventioun vun der Police bestätegt: ‘’Mir hunn d'Beschafungskriminalitéit, déi dat doten natierlech och maachen a profitéieren, well d'Leit effektiv déi Zäit vun Evenementer vill méi onkonzentréiert sinn. Och d'Fouer selwer, wou een no de Kanner kuckt, mat Leit schwätzt an dann net op seng Wäertsaachen oppasst. Mir hunn natierlech awer och organiséiert oder professionell Trickdéiwen, déi geschoult sinn, soen ech elo mol, an dat wierklech gutt maachen. A wann een do net oppasst op seng Wäertsaachen, si se ganz séier fort."
Och wann et den Täter virop ëm Boergeld geet, sollen d'Affer direkt hir Bankkaarte spären an natierlech Plainte bei der Police maachen, déi och dëst Joer mat engem Büro op der Schueberfouer present ass.