Mir sinn e liberale Beruff, mä d'Gesondheetskeess schreift den Doktere quasi vir, wat se, wou, fir wéi een Tarif solle maachen. Dës Tariffer hunn awer deels näischt méi mat de reelle Käschten ze dinn. Dat sot den Dr. Chris Roller e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. Hien ass de President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD. Hien huet erkläert, firwat d'AMMD no laange Joren d'Konventioune mat der CNS gekënnegt huet.
Et wiere vun der Politik Reforme versprach ginn, déi bis ewell awer net ëmgesat goufen. D'Gesondheetsministesch Martine Deprez géif d'Spideeler favoriséieren. Dat wier deier wéinst vill Personal an Administratioun a net am Interessi vum Patient. D'Doktere wëlle kleng Interventiounen an hire Cabineten ubidden. Sou kéint een och Sue spueren an d'Waardezäite verkierzen.
D'Gespréicher lafen nach mat der Ministesch, mä zanter Méint géif een net viru kommen. Datt d'Diere vun der Ministesch an och vum Premier ëmmer géifen opstoen, nennt den Dr. Roller "hypokritesch", well den AMMD-President gesäit keng Dialogbereetschaft.
D'AMMD op där enger Säit an d'CNS an d'Ministesch op där anerer halen un hire Positioune fest. E Mëttwochmëtteg ass e weidere Rendez-vous an d'Gesondheetsministesch ass e Mëttwochowend och Invitée am Journal bei eis op der Tëlee. Den Dr Roller bedauert, datt ëmmer nees eng Zwouklassemedezin als Schreckgespenst duergestallt gëtt. Elo géif ee just nach eng "zweetklasseg" Medezin kënnen ubidden mat laange Waardezäiten, sou de President vun der Dokteschassociatioun. D'Patiente wieren awer net blöd a géife sech am Internet informéieren, wéi eng Therapien et gëtt. Wann déi net hei am Land offréiert ginn, géifen der vill an d'Ausland goen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.