CGDIS-BulletinDräi Accidenter mat engem Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Vun e Mëttwoch den Owend op en Donneschdeg de Moie goufen d'Rettungsekippen aus der Stad op dräi verschidden Accidenter geruff.
© Laurent Weber

Wéi de CGDIS mellt, war e Mëttwoch den Owend géint 20 Auer en Auto an der Rue Albert Unden an der Stad accidentéiert. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren op der Plaz, et blouf awer beim Materialschued.

Ee Blesséierte gouf et iwwerdeem géint 22.46 Auer an der Bouneweger Strooss an der Stad. Wéi d’Police am Laf vum Donneschdeg preziséiert huet, war de Chauffer mat sengem Gefier fir d’éischt an e Gelänner um Trottoir gerannt, éier en an d’Stroosseluucht geknuppt ass. Duerch de Schued an déi vill Stécker vum Auto, déi ronderëm louchen, hätt d’Strooss misse fir kuerz Zäit gespaart ginn. De Chauffer, deen net blesséiert gouf, hat allerdéngs ze vill gedronk a krut e provisorescht Fuerverbuet. Och hei waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad um Asaz.

Um CR178 tëscht Zéisseng a Riedgen war kuerz no 00.30 Auer en Auto an eng Mauer gerannt. Och an dësem Fall blouf et beim Materialschued an d’Rettungsekippen aus der Stad waren op der Plaz am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO