
Géint 11.40 Auer e Sonndeg gouf en alkoholiséierten Automobilist an der Rue des Gaulois um Verluerekascht gemellt, deen hannerzeg mat sengem Won an ee Bam gerannt war. En Alkoholtest op der Plaz war positiv an e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.
Méi spéit dunn, géint 17.25 Auer, ass eng Patrull op der A13 op der Héicht vu Keel an Direktioun Esch wéinst senger geféierlecher Fuerweis op ee Chauffer opmierksam ginn. Si konnten hien no enger kuerzer Poursuite stoppen an hunn en Alkoholtest duerchgeféiert, deen eng Consommatioun confirméiert huet. Ëm déi selwecht Zäit war och nach ee Chauffer an engem Parkhaus an der Uewerstad negativ opgefall. Och hei gouf et e positiven Alkoholtest, ma well de Mann net kooperéiert, d’Beamte beleidegt, an duerch säin Zoustand eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum hien no enger Kontroll beim Dokter an den Arrest. A béide Fäll gouf de Permis provisoresch agezunn.