
Dräi Blesséierter mellt de CGDIS, nodeems “Um Quatre Vents” zu Eschduerf en Auto an en Trakter net laanschtenee komm sinn en Dënschdeg den Owend. Am Asaz waren Ambulanze vu Rammerech, aus der Nordstad a vu Wolz, grad ewéi d’Pompjeeën Alebesch.
Bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen zu Rolleng an der Route de Luxembourg goufen zwou Persoune verwonnt. Ambulanze vu Péiteng a vun Esch waren op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi déi Péitenger Pompjeeën.
An der fréie Moiesstonnen hunn d’Pompjeeë vun Esch da mussen an d’Rue Zenon Bernard, well do Freedefeier a Brand gerode war. Hei ass kengem Mënsch eppes geschitt.