
E Méindeg de Moien huet et um 7:30 Auer zu Éilereng op der N37 gerabbelt. Dräi Gefierer waren an deen Accident verwéckelt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Esch a Schëffleng, grad ewéi den Escher SAMU an Ambulanze vun Esch, Péiteng a vum Roude Kräiz. Zwou Persoune goufe blesséiert.