
An der Nuecht vum 4. op de 5. September goufen zu Mäerzeg dräi Juegdgewierer mat Munitioun, aneren Accessoiren an eng Dron aus engem Auto geklaut. Éischten Erkenntnisser no wieren e puer Leit an den Auto agebrach. D'Gefier wier zwar zou gespaart gewiescht, ma d'Fënsteren hätten e Sputt opgestanen. Am Kader vun den Ermëttlunge konnten déi geklaut Waffen de 7. September an engem Park an der Rue de l'École zu Mäerzeg fonnt a séchergestallt ginn.
E Méindeg gouf der Police da géint 19:45 Auer nach en Déifstall aus engem Auto gemellt. Deemno waren an der Rue d'Audun zu Esch-Uelzecht ënnert anerem e Sonnebrëll, Parfum, Boergeld a Geschier geklaut ginn. Éischten Erkenntnisser no ass den Täter iwwer eng hënnescht Säitefënster an den Auto agebrach.
Op der Gare an der Stad goufen an der Nuecht op en Dënschdeg dann nach e puer Géigestänn aus enger Camionnette geklaut, déi kuerz do geparkt hat. Ee Mann war an d'Camionnette gaangen an huet hei e puer Jacketten a Boergeld matgeholl. Kuerz drop konnt de Verdächtege mat zwou vun de geklaute Jacketten ugetraff ginn. Donieft goufe bei der Persoun en Deel vum Boergeld souwéi weider Schlësselen an Déngschtbadgë fonnt.
D'Police rappeléiert an deem Kontext nach emol, datt een Autoen net soll oploossen a keng Wäertsaachen dra loossen. Um Site vun der Police ginn et weider Informatiounen zu der Preventioun vun Autosabréch.
An alle Fäll huet d'Police Ermëttlungen opgeholl.
D'Police mellt dann nach en Déifstall am Garer Quartier e Méindeg. An der Rue du Fort Neipperg hate géint 12:15 Auer zwee Männer verschidde Wueren an d'Täsche vun hire Jackette gemaach an dono probéiert, de Buttek ze verloossen, ouni ze bezuelen. Déi zwee Verdächteg konnten awer gestoppt an d'Wueren dem Buttek zréckgi ginn. Bei der Kontroll vun den Déif hunn d'Beamte bei enger vun de Persounen eng stoffe Posch mat 334 Cannabissomen dra fonnt. Dës goufen op Uerder vum Parquet saiséiert.
Dee selwechten Dag gouf d'Police géint 18:45 Auer an d'Rue du Village zu Gonnereng geruff. Hei haten e puer Zeien zwou verdächteg Persoune gesinn, déi sech a Virgäert opgehalen hunn an um Wee op e Grondstéck waren. Op der Plaz koumen de Polizisten déi zwou Persounen aus engem Gaart vun engem Haus entgéint. Wéi si d'Beamte gesinn hunn, hu si sech iwwer en Zonk a Richtung N11 duerch d'Bascht gemaach.
Am Kader vun der Sich konnten déi Verdächteg awer net gepëtzt ginn. Bannen am Haus hunn d'Poliziste festgestallt, datt e puer Tiräng a Komouden duerchsicht ginn. Och an dësem Fall goufen Ermëttlunge lancéiert.