Fro den AffekotWaffen aus dem Auto geklaut! An elo?

Bob Konsbruck
Nodeems zu Mäerzeg 3 Juegdgewierer aus engem Auto geklaut goufen, stellt sech d'Fro, ob Waffen iwwerhaapt am Auto däerfe transportéiert ginn. D'Äntwert ass jo, awer nëmmen ënner strenge Konditiounen.
© AFP

An der Rubrik "Fro den Affekot" am RTL-Wecker huet de Jurist Maître Jean-Jacques Schonckert erkläert, wat zu Lëtzebuerg gëllt.

Laut dem Expert mussen Waffen doheem an engem gesécherten Tresor gelagert ginn, getrennt vun der Munitioun. Beim Transport däerf eng Waff nëmme fir e berechtegte Grond matgeholl ginn, zum Beispill op d'Juegd, bei en Armurier oder an e Schéissveräin.

D'Waff däerf dobäi net siichtbar sinn. Si soll an engem Etui an am beschten an der Mall transportéiert ginn. Ëmweeër, fir akafen ze goen oder nach an e Restaurant ze goen, wärend d'Waff am Auto ass, sollen evitéiert ginn. E kuerze Stopp, wéi Tanke goen, ass kee Problem.

Am Fall vu Mäerzeg kéint d'Tatsaach, datt d'Fënstere vum Auto e Sputt op waren, als Noléissegkeet gewäert ginn. Dëst kann zivil- oder strofrechtlech Konsequenzen hunn.

Och fir Messere gëlle speziell Bestëmmungen. Verschidde Modeller däerfen nëmme mat enger Autorisatioun gehalen oder gedroe ginn. Besëtzer vu Waffe solle sech dofir genee un déi gesetzlech Virgabe halen, fir sech selwer an aner Bierger net a Gefor ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO