Mëttelfristeg soll Reform kommenD'Regierung wëll illegal Glécksspiller ënnerbannen

Pit Everling
Um Donneschdeg gouf an der zoustänneger Chamberkommissioun schonn eng éischt Serie u Mesurë presentéiert.
© RTL

Mëttelfristeg soll am Secteur vun de Glécksspiller eng gréisser Reform kommen. Ënner anerem geet et drëm, datt et a Baren eng legal Offer u Glécksspiller ka ginn, woubäi gläichzäiteg Mineure solle protegéiert ginn. D’Kontroll- a Poursuite-Mechanisme sollen iwwerdeems garantéiert sinn. Ënner anerem gesäit dat neit Gesetz vir, datt et méi einfach gëtt, fir Apparater ze saiséieren. E grousse Problem wieren illegal Bornen, déi en Internet-Accès géinge verspriechen, ma a Wierklechkeet just Glécksspiller géinge proposéieren.

Cafetieren, déi illegal Glécksspiller toleréieren, sollen och méi strikt bestrooft ginn. D’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue huet den Deputéierten dës Explikatioune ginn: “Fir eeben dofir ze suergen, dass an de Caféen nëmmen nach déi Spiller stinn, déi vun der Loterie nationale autoriséiert ginn, gläichzäiteg musse mer eis natierlech d’Moyene ginn, fir strofrechtlech géint déi virzegoen, déi net autoriséiert sinn, fir do kënnen och dogéint virzegoen. Dowéinst hu mer d’ Definitioun missen upassen an och eis d’Moyene ginn, fir géint déi virzegoen.”

D’Cafetiere solle mat enger Iwwergangs-Phas 3 Méint Zäit kréie fir sech unzepassen. Fir Tombolaen, déi bei Duerffester organiséiert ginn a wou Mannerjäreger present sinn, sollen iwwregens Exceptioune gëllen.

An enger zweeter Etapp wëll de Justizministère da verstäerkt d’Onlinespiller an d’Viséier huelen, huet d’Ministesch nach virun den Deputéierte verséchert.

Back to Top
CIM LOGO