Am Joer 2025Parquet mellt Hausse vun Droge-Saisien am Cargo Center

RTL Lëtzebuerg
Am Cargo Center um Findel sinn 2025 däitlech méi Droge saiséiert gi wéi 2024, mat ënner anerem iwwer 800 Kilo Kokain an iwwer 2,2 Tonne Cannabis, wéi de Parquet e Freideg an engem Communiqué matgedeelt huet.
Am Mäerz 2025 goufe 508 Kilogramm Kokain am Cargo Center um Findel saiséiert.
© Administration des douanes et accises

2025 sinn am Cargo Center um Findel däitlech méi Droge saiséiert gi wéi nach zejoert, sou de Parquet an engem Communiqué e Freideg. Den Donnéeë vum Parquet no goufen am Laf vum leschte Joer ënner anerem 873,709 Kilo Kokain, 73,938 Kilo Methamphetamin, 2.254,701 Kilo Cannabis an 107,937 Kilo Haschisch ofgefaangen.

Dobäi koumen nach ronn 150 Kilo sougenannt Precursoren, also chemesch Substanzen, déi fir d’Produktioun vu syntheeteschen Droge gebraucht ginn. Am Verglach zu de Jore virdru wier d’Quantitéit u Precursoren awer staark zeréckgaangen, sou de Parquet.

Wéi d’Autoritéite weider betounen, wier d’Bekämpfung vum Drogenhandel net nëmmen dorop ausgeriicht, illegal Produkter ofzefänken, mee virun allem och d’kriminell Netzwierker hannendrun z’identifizéieren an aus dem Verkéier ze zéien – och am internationale Kontext. Och wann e groussen Deel vun den Drogen, déi zu Lëtzebuerg saiséiert ginn, net fir de Lëtzebuerger Marché geduecht ass, bleift d’Zil deemno, d’Strukture vum Handel nohalteg ze schwächen.

Als Grënn fir déi méi héich Zuel vu Saisië nennt de Parquet ënner anerem geopolitesch Entwécklungen, politesch Changementer a verschiddene Regioune souwéi gesetzlech Ännerungen an Asien an an Amerika. Dat hätt d’Produktiouns- a Liwwerkette verännert, sou datt kriminell Banden hir Route méi dacks géingen upassen. Nieft groussen Häfe wéi Antwerpen a Rotterdam géifen dofir och aner Weeër méi wichteg ginn – dorënner och Cargo-Flich iwwer Lëtzebuerg.

D’Autoritéite setzen op systematesch Analyse vun de Fracht-Dokumenter duerch d’Douane, geziilt Kontrolle bei Verdacht a spezialiséiert Detektiounsmethoden a Formatiounen. Déi saiséiert Substanze géife systematesch analyséiert an dono zerstéiert ginn.

De Communiqué vum Parquet

Back to Top
CIM LOGO