Vum Kanton Réiden an de Kanton DikrechD'Turelbaacher Schlass gëtt renovéiert, muss awer fir d'éischt plënneren

Marc Hoscheid
Et läit zwar gutt verstoppt am Bësch tëscht Mäerzeg an Dellen, an awer ass d'Turelbaacher Schlass eng wäit iwwer d'Grenze vum Grand-Duché ewech bekannten a beléiften Touristenattraktioun.

An deenen nächste Jore sollen eng Partie Suen an d’Gebai an de Site ronderëm investéiert ginn, ma do virdru gëtt mol fir d’éischt an eng aner Gemeng an esouguer an een anere Kanton geplënnert.

Am Joer 1964 huet de Pol Gilson, deen als Gemengesekretär ënnert anerem zu Mäerzeg aktiv war, den Terrain matten am Grénge kaaft, op deem e sech säin Dram vun engem méi sophistiquéierte Vakanzenhaus erfëllt huet. 1973 ass d’Holzkonstruktioun duerch ee Brand zerstéiert ginn a gouf dono duerch ee méi zolitte Bau aus Steen, deen un ee Schlass erënnert, ersat. Wärend laange Jore gouf um Site ënnert anerem d’Turelbaacher Fest organiséiert. Nom Doud vum Pol Gilson am Joer 2007 huet d’Famill weider nom Site gekuckt, ma 2017 huet ee Kontakt mat der Gemeng Mäerzeg opgeholl a gefrot, ob déi interesséiert wier, den Terrain vu 5,8 Hektar mam Schlass drop ze kafen. Wärend den initiale Präis fir d’Gemeng finanziell net ze stemme war, huet ee sech 2020 op d’Zomm vu 450.000 Euro gëeenegt. Fir de Site weider touristesch ze valoriséieren, sollen hei sougenannt Logements insolites entstoen, wéi de Mäerzeger Buergermeeschter Mike Poiré erkläert:

“Dat sinn dräi bis véier Schlofméiglechkeeten, Kummeren, am Schlass selwer, donieft wëlle mer dann awer och um Waasser eppes Aussergewéinleches schafen. Dat wier eng inklusiv Offer, wou och Logementer, souzesoen als Floater, um Waasser geschaaft ginn, déi dann zougänglech sinn iwwert eng Passerell”. Deel vum Projet soll och eng kleng Bün ginn, déi entweder an d’Passerell integréiert gëtt oder um Séi schwëmmt. Dat ass awer nach Zukunftsmusek, am Moment schafft mol den Naturschutzsyndikat Sicona an den Alentouren an am Fréijoer soll ugefaange ginn, den Daach vum Schlass ze flécken. Well d’Gebai als Monument national klasséiert ass, bedeelegt sech de Staat finanziell un de Renovatiouns- an Ëmbauaarbechten. Zousätzlech Sue krit een nach, wann de Projet an de “Fënnefjoresplang Tourismus” opgeholl géing ginn.

Interessant ass, datt d’Schlass, respektiv de Site, net just um Territoire vun der Gemeng Mäerzeg, mee och op deem vun der Gemeng Groussbus-Wal läit. A well et e bëssi problematesch ass, wann een als Gemeng Proprietär vun eppes ass, dat deelweis zur Nopeschgemeng gehéiert, ass een a Kontakt mam Interieur:
“Fir d’Territoiresgrenz tëscht de concernéierte Gemengen nei ze zéien. Wou och ee grousse Merci un d’Gemeng Groussbus-Wal geet, déi an hirem Gemengerot dat virun enger gewësser Zäit schonn aktéiert huet, unanime. Wéi och hei zu Mäerzeg gouf do een Échange terrain gestëmmt, och approuvéiert vum Intérieur”.

Elo muss de Ministère nach ee Gesetz virleeën, dat da vun der Chamber ugeholl gëtt. Well d’Gemeng Groussbus-Wal zum Kanton Réiden an d’Gemeng Mäerzeg zum Kanton Dikrech gehéiert, wäert et och hei zu Verännerunge kommen. De Wiessel vun enger Gemeng an déi aner respektiv vun engem Kanton an deen aneren hätt awer quasi keng konkret Repercussiounen: “Hei schwätze mer just vu Bëschparzellen, déi vun där enger Säit op déi aner kommen. Insgesamt schwätze mer vu ronn néng Hektar an do spillt am Endeffekt just d’Grondsteier ee klenge Rôle, déi awer bal identesch a béide Gemengen ass. An der Gemeng Groussbus-Wal ass se bëssi méi niddereg wéi an der Gemeng Mäerzeg, mee do schwätze mer just vun e puer Euro.”

Bei esou engem Wiessel mussen d’Proprietäre vun de concernéierte Parzellen iwwregens net ëm hir Erlabnis gefrot ginn.

Wéi laang d’Aarbechten um Schlass ongeféier daueren a wéi vill se kaschte wäerten, kënnen déi Gemengeresponsabel iwwerdeems nach net soen. D’Turelbaacher Schlass kann een zwar net vu banne kucke goen, mee dee ganze Site ronderëm ass fräi zougänglech an och Deel vum Auto-Pédestre Mäerzeg.

Back to Top
CIM LOGO