Bilan Météo 2025Duerchwuessent Joer mat grousse regionalen Ënnerscheeder an der Temperatur a beim Néierschlag

RTL Lëtzebuerg
Dat geet aus dem Bilan vun der ASTA, MeteoLux an der Waasserverwaltung ervir, deen um Freideg publizéiert gouf.
© RTL

2025 wier also en duerchwuessent Joer gewiescht, sou de Bilan vun ASTA, MeteoLux a Waasserverwaltung. Allgemeng war dat lescht Joer liicht méi waarm, wéi d‘Referenzperiod iwwert déi lescht 30 Joer. Wärend siwe Méint gouf op alle Meteosstatiounen en Defizit beim Néierschlag registréiert. Am Januar gouf et dogéint esou vill Reen, datt et zesumme mam Schnéi, dee geschmolt ass, zu Iwwerschwemmunge koum. An och am September gouf et am Uelzechtdall eng Rei Iwwerschwemmungen.

Fir d‘Landwirtschaft war d‘Meteo zejoert awer éischter favorabel, well sech d‘Hëtzt an de ville Reen gréisstendeels d‘Wo gehalen hunn. D‘Recolte bei de Kären, dem Uebst a Geméis wiere gutt gewiescht, an och d‘Wënzer wieren zefridden. Fir déi wier just d‘Lies am September schwiereg gewiescht, well et do esou vill gereent huet.

Back to Top
CIM LOGO