Den LSAP-Buergermeeschter Dan Biancalana erkläert de Succès duerch déi gutt Zesummenaarbecht tëschent deene verschiddene Partner. International Solidaritéit wiere keng eidel Wierder mä géifen zu Diddeleng gelieft. Donieft hëlleft dacks eng gutt Kommunikatioun.
"Ier d'Struktur opgaangen ass hu mer Portes ouvertes organiséiert, mir haten Diskussiounsowender mat den Diddelenger Leit, mir hunn en Appell lancéiert fir Benevoller. Et sinn eng Rei Stellschrauwen, déi mer haten."
Déi Fräiwëlleg, déi sech engagéieren, droe fir den neie Generaldirekter vun der Croix Rouge Marc Wagener all Dag zum Succès vun der Struktur bäi. "Mir schaffen hei mat ganz vill Benevollen zesummen. Et geet vun Hausaufgabenhëllef, iwwer Kachcoursen, iwwer Aktivitéiten, iwwer Sproochen an ech mengen dat mécht wierklech och d'Differenz."
De Minister fir den Accueil an de Vivre ensemble Max Hahn huet de Leit un d'Häerz geluecht, d'Flüchtlingsstruktur als eng Zort Trampolin ze gesinn. "Dat hei ass kee Logement fir d'Leit, dat hei ass just eng temporär Wunnméiglechkeet, wou d'Leit eigentlech solle vum éischten Dag u motivéiert ginn a gewise kréien, wéi einfach et ka sinn, fir Sproochen ze léieren, fir Traditiounen a Kulture vum Land bäibruecht ze kréien an dono sou séier wéi méiglech mat de Studie virun ze kommen oder op den Aarbechtsmarché ze kommen."
D'Flüchtlingen hunn e laange Wee hannert sech wa se an Europa ukommen. Zu Lëtzebuerg ze si bedeit awer net um Zil ukomm ze sinn, sou de Ressortminister.