Ënnert dem Stréch stinn 38 Gesetzpropositiounen, 91 Amendementer zu Texter, 272 Motiounen an 168 ugefrote Chamberdebatten. Knapp 350 Mol hunn déi chrëschtlech sozial d’Regierung an eng parlamentaresch Chamberkommissioun konvokéiert. D’CSV ass dovunner iwwerzeegt, datt si eng konstruktiv Oppositiounsaarbecht gemaach huet an datt et elo Zäit fir eng aner Politik gëtt. A ville Beräicher kéint Blo-Rout-Gréng net vu “Mission accomplie” schwätzen.
D’Wunnengsnout wier nach ni esou grouss gewiescht wéi elo, d’Gesondheetspolitik wier en Echec, d’CSV kritiséiert d’Educatiounspolitik an - ënnersträicht de Co-Fraktiounspresident Gilles Roth - nach ni hätte sou vill Leit ënnert der Aarmutsgrenz gelieft. Dat léich notamment drun, datt d’Leit steierlech ze vill belaascht wieren.
“Nach ni hunn d’Leit am Land zënter deene leschten 30 Joer esou vill Steiere misste bezuele wéi elo. Et sinn zënter 2017 ganzer 8 Indextranchen erfall, dovunner sinn der elo zwou an der Steiertabell berécksiichtegt. Dat mécht enorm vill aus.”
D’CSV wëll d’Kafkraaft dofir erëm méi stäerken an dat wier duerchaus ze maachen, mengt de Spëtzekandidat Luc Frieden. An Etappen a virop esou, datt kleng a Mëttelverdénger am meeschten dovunner profitéieren.
Iwwerhaapt ass de Luc Frieden frou, datt dës Legislaturperiod (an och déi vu virdrun) elo eriwwer ass, wéi e seet. Blo-Rout-Gréng hätte quasi op alle wesentleche Punkten dräi verschidde Meenungen, mä d’Land kéint sech kee Stëllstand erlaben an dofir wier et elo un der Zäit eng aner Politik ze maachen.
Eng staark Sozialpolitik, eng responsabel Wirtschaftspolitik an och eng méi effikass Klimapolitik. An deem Beräich, seet de Luc Frieden, wier hien erféiert, wéi schlecht Lëtzebuerg géif viru kommen.
“Op ville Plazen, wou ech mam Vëlo fueren, hält de Vëloswee einfach op eemol op, well et aus diverse Grënn a ganz dacks vum Ëmweltministère keng Autorisatioune gëtt, fir de Vëloswee weider ze bauen. Mir mussen d’Renaturatioun vun eise Flëss maachen, datt d’Biodiversitéit erëm oplieft. Dat muss méi séier goen a virun allem musse mer bei den erneierbaren Energien dach wierklech méi Gas ginn. Et ass fir mech dach erstaunlech vun enger Regierung, wou déi Gréng dra sinn, mir bei 11 Prozent vun erneierbaren Energië par rapport zur Gesamtconsommatioun sinn.”
Do misst een no der Virstellung vum Luc Frieden bei 20 oder 25 ukomm sinn.