
Den 30. August 1942 hat de Gauleiter Simon d'Aféierung vun der obligatorescher Wehrmacht-Déngschtflicht fir d'Lëtzebuerger Joresgäng 1920 bis 1924 bekannt ginn. Als Protest géint déi forcéiert Rekrutéierung vu ronn 15.000 Lëtzebuerger koum et zu engem Streik, deen zu Wolz ugefaangen hat a sech duerno op d'Haaptstad an de Süde vum Land ausgebreet huet.
An der Stad goufen d'Postiere Nicky Konz a Jean Schroeder, allebéid 28 Joer al, als Éischt verhaft. Béid goufen den 3. respektiv 4. September 1942 am Konzentratiounslager Hinzert higeriicht.
Insgesamt goufen 22 Postbeamten an Konzentratiounslager deportéiert, vun deenen der 6 ëm d'Liewe koumen. Weider 10 Postiere goufen agespaart, 2 dovunner hunn d'Gefaangenschaft net iwwerlieft.