E Sans-abri iwwert d'Heeschen"Ech muss mech selwer iwwerwannen, no Suen, Iessen oder Zigaretten ze froen"

RTL Lëtzebuerg
De Paul* ass zënter leschtem Summer op der Strooss. Hie muss reegelméisseg heeschen. An dat gëtt fir hien och mat der Zäit net méi einfach.
© Envato

Wat denkt e Sans-Abris iwwert d’Heeschen?

Et ass kuerz no 7 op der Stater Gare virun der Ariichtung Para-Chute. En Här, ech schätzen ëm déi 40 Joer al, kënnt op mech duer a freet, ob ech net eng Zigarett fir hien hätt. Ech ginn him der e puer a mir kommen an d’Gespréich. De Paul erzielt, dass hien d’lescht Joer nach eng Aarbecht an eng Wunneng hat. Am Summer 2022 huet hien aus perséinleche Grënn alles verluer a lieft zanterdeem op der Strooss.

Well bei him och Drogen am Spill sinn, kann hien den Ament an der Struktur Abrigado schlofen. Ma moies géint 7 Auer muss hien d’Bett raumen an den Dag op der Strooss iwwerstoen, bis hien owes zeréck an d’Struktur kann. “Déi kal Deeg si besonnesch schwéier. Heiansdo fueren ech da mam Bus oder Zuch e puer Stonne ronderëm fir mech opzewiermen.”

Et ginn zwar eng Partie Plazen, wou Sans-abrien och daagsiwwer e puer Stonne verbrénge kënnen an eppes ze iesse kréien, mee “d’Demande ass grouss, d’Schlaange si laang”, erzielt de Paul. Sou dass och him heiansdo näischt aneres iwwreg bleift, wéi ze heeschen. Hie freet d’Leit no Iessen, Zigaretten oder Suen. Dru winne wäert hie sech awer ni. “Et ass einfach schlëmm. Ech muss mech immens iwwerwannen an iwwert mäi Schiet sprangen, fir d’Leit ze froen. Ech hunn ëmmer geschafft an elo muss ech heeschen, nëmme fir mir heiansdo eng gutt Cola ze kafen, well ech keng Loscht hunn, ëmmer nëmme Waasser ze drénken.” De Paul huet zwar nach Famill, bei där en heiansdo ënnerkënnt, si fir Hëllef oder Suen ze froen, bréngt hien awer net iwwert d’Häerz.

Och d’Leit vun der Strooss krute mat, dass d’Heeschen elo vu 7 Auer moies bis 22 Auer owes soll verbuede ginn. Fir de Paul net ze verstoen. “Wisou kann een dann iwwert d’Nuecht heeschen? Dat mécht fir mech kee Sënn.

Wisou d’Heescherei ëmmer rëm Diskussiounsthema ass, kann hien awer novollzéien. “Et ass wéi iwwerall, och bei den Heescherte ginn et déi eng an déi aner. Mir ass et wichteg, manéierlech a mat Respekt op d’Leit duerzegoen. Wa si Nee soen, soen ech Merci, wënschen e schéinen Dag a gi weider. Ech weess awer och, dass et Heescherte ginn, déi immens opdrénglech ginn an de Leit nolafen. Dat fannen ech net gutt. Mee déi, déi fei froen oder mam Becher um Buedem sëtzen, di kengem eppes, sou de Lëtzebuerger.

Ma d’Heesch-Verbuet wäert de Problem net léisen, mengt de Sans-abris. “Et misst een no richtege Léisunge sichen. Ech mengen dat hei ass einfach eng Reaktioun vun uewen op de Frust an d’Onzefriddenheet vu baussen.” Op d’Fro, wat dann d’Léisung wier, äntwert de Paul: “Méi Logementer mat Aarbechtsplazen an dat net nëmmen an der Stad, mee iwwerall am Land. Verspriechen, déi gemaach goufen, solle mol gehale ginn. Et schwätzt een net nëmme vun Housing first, well et gutt kléngt. Se soen ëmmer, si hätten eppes gemaach. Mee fir wéi vill Leit? Fir 2 vun 20 oder fir 2 vun 200?”

Och de Paul ass amgaangen, all Pabeieren an d’Rei ze maachen, fir rëm vun der Strooss fort ze kommen. Einfach ass dat awer net. D’Waardelëschte sinn immens laang an hien hätt och d’Gefill, dass d‘Mataarbechter an deem Secteur dacks iwwerlaascht sinn.

Gutt eng hallef Stonn hunn ech mam Paul verbruecht. Fir hie geet et elo mol an de Para-Chute e gratis Kaffi sichen. Wéi de Rescht vu sengem Dag ausgesäit, weess hien nach net.

*Den Numm gouf vun der Redaktioun geännert. Fir seng eege Sécherheet, wollt den Här léiwer onerkannt bleiwen.

Liest hei den Erfarungsbericht iwwert d’Heescherei an der Stad.

Back to Top
CIM LOGO