Wéi ass d'Situatioun mat den Heescherten an der Stad wierklech?

Dat neit Heescherei-Verbuet an der Stad suergt fir vill Diskussiounen. Ech wollt mir elo mol selwer e Bild vun der Situatioun maachen.
Mëttwoch den 29. Mäerz
Et ass 14 Auer, ech sinn an der Groussgaass. D’Strooss ass gutt gefëllt. Tëscht Leit, déi grad nom Mëttegiessen zeréck an de Büro lafen, an aneren, déi mat Akafstuten duerch d’Groussgaass schlenderen, sëtzt um Eck vun engem Luxusauere-Geschäft den éischten Heeschert. E Mann, geschat tëscht 30 a 40 Joer al. Hien huet eng déck Jackett un, sëtzt awer nieft sengem Rucksak um kale Buedem. Virun him steet e Kartongsbecher vun enger Fastfood-Chaîne. Ronn eng hallef Stonn observéieren ech dës Situatioun. Sue kritt de Mann wärenddeem keng a säi Becher. Kee schwätzt mat him an och hie schwätzt keen un.
Ech trëppelen a Richtung Place d’Armes. Op mengem Wee begéinen ech schonn déi nächst. Géintiwwer enger Apdikt sëtzt eng jonk Koppel mat zwee Hënn. Si schwätze Lëtzebuergesch, hunn e grousse Rucksak bei sech, eng Hondsschossel mat Waasser fir hir Déieren a sëtzen op enger dënner Ënnerlag. Och si hunn e Kartongsbecher vun enger Fastfood-Chaîne viru sech stoen.

An der Apdikt erzielt mir eng Vendeuse: "Mir kenne si, si sëtze reegelméisseg hei. Et sinn awer och mol anerer. Se wiessele sech of. Dat heiten ass eng gutt Plaz, den éischten ass vir." Opfälleg wieren d’Heescherten awer net. "Mir fillen eis net vun hinne gestéiert an och d’Clienten hu bis ewell nach net reklaméiert. Si komme moies, sëtze stonnelaang do a ginn owes rëm. Net méi, net manner."
Op der Plëss selwer, dann e bëssen en anert Bild. Vis-à-vis vun engem Restaurant ass e Mann. Säin Alter ass schwéier ze schätzen, hie sëtzt nämlech op de Knéien, d’Kaputz iwwert dem Kapp a stäipt sech mat den Ielebéi op eng Tut. An den Hänn hält hien e Becher, säi Gesiicht gesäit een net, et läit op sengen Äerm. Eng Positioun, déi mech u "bieden" oder souguer "ënnerwerfen" erënnert. Bal eng Stonn kucken ech der Situatioun no. Wärenddeem beweegt hie sech net a seet just lues Merci, wann en e puer Mënz an de Becher gehäit kritt.

© Céline Spithoven/RTL
Ech schwätze mat engem Serveur, deen am Restaurant vis-à-vis schafft: "Jo, hie sëtzt relativ dacks do an och zimmlech laang. Hien ass awer ganz fein. Heiansdo ginn ech ëm e puer Zigaretten oder eppes ze drénken. D’lescht Kéier krut e souguer eng ganz Pizza vun engem Grupp Jonker. Iwwerhaapt kritt e reegelméisseg kleng Spenden a Form vun Iessen."
Och um Hamilius tëscht den neie Geschäfter sëtzen zwee Heescherte virun der Entrée vun engem Supermarché. Eng eeler Koppel. Si soen de Leit "Bonjour" a kucke se frëndlech un. Wa se Mënz an de Becher kréien, soe se villmools Merci a wénke mam Kapp. Et ass 18 Auer, wéi ech d’Stad verloossen. Weider Heescherte begéinen ech op mengem Wee net.
E puer Stonne méi spéit
Ëmmer nach um Mëttwoch, mee et ass mëttlerweil donkel. Um 21 Auer ginn ech zeréck an d’Stad. D’Stroosse sinn eidel a mat Ausnam vun e puer Leit an de Caféen, ass et roueg. Ech maachen den Tour.
Um Hamilius ënnerwee begéinen ech just e ganze Grupp, geschat ëm déi 30 Joer al. Si sëtzen nieft der Bank all am Krees an diskutéiere mateneen. Heesche maache si awer net. Och Sans-abri begéinen ech keng an der Stad an d’Parke sinn eidel. Um kuerz no 22 Auer fält mir op der Theaterplaz een op. E Mann, schwéier soen a wéi engem Alter. Hie sëtzt virun der Entrée vum Parking. Virun him säi Becher. An ech erkennen de Mann erëm. Hie setzt nämlech bal all Kéiers do, wann ech am Parking Theaterplaz stinn. Ech verloossen d’Stad erëm.

© Céline Spithoven/RTL
En aneren Androck um Weekend
Et ass 1 Auer moies an der Nuecht vu Freideg op Samschdeg. Et ass eng lass an der Stad. Ech fueren a Clausen. Knapps aus dem Taxi geklommen, kënnt e jonke Lëtzebuerger op mech duer. "Hues du villäicht e puer Su fir mech?" Ech konnt him näischt ginn, hunn ëm awer e puer Zigarette proposéiert, well ech dem jonke Mann säi bal eidele Pak gesinn hunn. "Gären, Merci villmools an e schéinen Owend", esou seng Reaktioun. Hie geet weider a leeft virun engem beléifte Club hin an hier a schwätzt ëmmer rëm Leit un.
Dat selwecht och um Samschdegowend. Et ass kuerz no Mëtternuecht an der Uewerstad. Jonk Männer, déi Lëtzebuergesch schwätzen, ëm Enn 20 Joer al. Si froen no Iessen oder no Sue fir eng Schlofplaz, soe si. Si sëtzen net op eng fester Plaz, mee trëppelen duerch d’Strooss a schwätze geziilt Leit un. Soen d’Leit "Nee", soe se Merci a gi virun. Ee Mann erzielt, dass hien aus dem Foyer Ulysse kënnt. Hien hätt Honger a freet, ob mir ëm eppes aus enger Fastfood-Lokal matbrénge kéinten.
All d’Heescherten, déi mech ugeschwat hunn, ware fein an net opdrénglech. Sot een "Nee", hu si ee mat Rou gelooss. Esou mol mäin Empfannen a meng Observatioun.
Samschdegmoies um Belair sëtzt eng eeler Fra virum Bäcker op de Knéien an dat obwuel et liicht reent. Si huet e Foulard un an e Rucksak bei sech. Ech froe si ,ob si eng Mëtsch wëll. Sie laacht an äntwert op Franséisch: "Gären, Merci". Ech bréngen hir e Kaffi an e Croissant mat. Si seet e puer Mol Merci, néckt mam Kapp a wënscht mir e schéinen Dag.
Esou mol meng Erfarunge mat den Heescherten aus der Stad. An dësem Artikel gëtt bewosst net iwwer d'Situatioun op der Gare geschwat, wat net heescht, dass do keng Heescherte present sinn oder d'Situatioun net eng ganz aner ass.
Wéi erlieft Dir d'Situatioun an der Stad oder spezifesch op der Gare? Mellt Iech an deelt Är positiv oder negativ Erfarunge mat eis iwwert d'Kontakt-Box hei ënnendrënner.