De leschte Schaffdag virun der Pensioun"Ech si frou, ouni Wecker an Zukunft kënnen opzestoen"

Christophe Hochard
36 Joer als Aide-soignante a bal 3 Joer als Receptionnistin beim Grupp "Servior" huet d'Fabienne Goffinet-Roca geschafft. Mir hunn déi dynamesch Fra aus dem Minett op hirem leschte Schaffdag zu Iechternach besicht.

Dënschdeg, den 31.Dezember 2025 zu Iechternach. Moies um hallwer 8 späert d’Fabienne Goffinet-Roca d’Entréesdier vum Altersheem “Belle - Vue” op. E Geste, deen d’Receptionnistin aus dem Haus zanter 2 Joer a 9 Méint all Wochendag mécht. Just haut op Silvester ass e speziellen Dag fir d’Fabienne. Et ass hire leschte Schaffdag beim Grupp Servior. “Wei ech de Moien opgestane sinn, hat ech e komescht Gefill a mir. E bëssi onrealistesch huet dat Ganzt sech ugespuert an awer war ech frou”. Dëst erzielt mir d’Fabienne Goffinet-Roca wärend eisem Gespréich.

Dësen 31.Dezember 2025 ass duebel speziell fir d’Mataarbechterin vum Iechternacher Altersheem. Et sinn net nëmmen hir leschten 8 Aarbechtsstonnen, mee d’Fabienne ass och op Silvester op d’Welt komm. 58 Joer huet si um leschten Dag vum ale Joer kritt. “Et war schonn e bëssi vill beieneen. Et war extra”. Sou d’Fabienne.

“Op Silvester gebuer ze sinn, ass e bëssi egal wat”

Dës Äntwert kennt ewéi aus der Flënt geschoss. “Et ass net richteg Gebuertsdag well dësen Dag vergeet einfach ze schnell. D’Neit Joer hëlt Iwwerhand. Wann ech dann awer owes d’Freedefeier gesinn, denken ech esou bei mir, da kriss du awer och e Freedefeier op dengem Gebuertsdag als Kaddo”. Bei dëser Äntwert laacht d’Fabienne iwwer d’ganzt Gesiicht.

Viru 6 Méint d’Pensioun offiziell ugefrot

Mat 57 Joer hätt d’Fabienne Goffinet - Roca scho kéinten an d’Pensioun goen. Well hir d’Aarbecht zu Iechternach am Altersheem “Belle - Vue” awer sou vill Spaass gemaach huet, wollt si nach ee Joer drunhänken. “Bis virun e puer Wochen hunn ech mir ganz intensiv Gedanke gemaach, wéi ech vum 02.Januar un d’Zäit soll emkréie wann et de gewinnten Alldag Rhythmus bis net mei gëtt. Dat war net ëmmer einfach. Mëttlerweil geet et mir awer vill besser, sinn ech vill mei easy an ech wäert och frou si moer de Moien opzestoen ouni Wecker. Ech fänken dat néit Joer gutt un”. Déi lescht 8 Stonnen am Beruff huet d’Fabienne ganz intensiv erlieft.

Fabienne Goffinet-Roca (1)
De leschte Schaffdag am Altersheem.


De Kontakt zu de Bewunner an de Famillje loung dem Fabienne ëmmer staark um Häerz. “An der Receptioun huet een ëmmer vill Kontakt zu de Leit. Ronderëm dës Plaz ass all Dag vill Beweegung. Den Telefon schellt, d’Bewunner kommen hir Zeitung an d’Post bei eis sichen an et hëlt ee sech Zäit, fir dann och e puer Wierder mat hinnen ze wiesselen”. Sou déi zukünfteg Pensionärin am RTL-Interview.

36 Joer als Aide-soignante geschafft

Déi lescht ronn 3 Joer huet d’Fabienne Goffinet-Roca also als Receptionnistin am Altersheem vum Grupp Servior zu Iechternach geschafft. Do virdrunner war déi ganz lëschteg Fra wärend 6 Méint am Krankeschäin. D’Schëller huet Misär gemaach. Et koum souguer zu Lämungen.

Ech hu gären als Aide-soignante geschafft. Dee Beruff huet mir vill Satisfaktioun ginn. Eeler Leit hëllefen erfëllt mech”. Sou d’Fabienne. “Et ass e schéine Beruff deen awer net einfach ass. Et gesäit een dacks vill Leed an et gëtt ee mam Doud konfrontéiert. Wann een d’Leit iwwer Jore betreit a begleet huet am Alldag a se dann ewechfalen, ass net ëmmer esou einfach”.

1986 huet d’Fabienne zu Nidderkuer am Spidol “Princesse Marie - Astrid” ugefaange mat schaffen. 3 Joer laang am Service gastro - entérologie. “Do sinn ech extrem mam Doud konfrontéiert ginn, well mir vill Kriibspatienten haten. Dat war net einfach. Ech war nach zimmlech jonk”. No enger Paus vun eppes méi ewéi engem Joer huet d’Fabienne duerno bei engem Zänndokter geschafft. 1992 goung et dunn an d’Altersheem op d’Rhum. Hei huet si nach zesumme mat Schwëstere geschafft.

Fabienne Goffinet-Roca (2)
De leschte Schaffdag am Altersheem.

An deenen 10 Joer “Op der Rhum” ass d’Fabienne tëschenduerch och bestuet ginn. Mam Serge Goffinet. Zwee Bouwen huet d’Koppel kritt. Zwillingen. De Jérôme an de Fabrice déi 1999 op d’Welt komm sinn. Wärend 17 Joer huet d’Fabienne och zu Déifferdeng geschafft. Wärend 17 Joer. Deemools huet déi jonk Famill zu Nidderkuer gewunnt. Ier si schlussendlech op Iechternach koum, huet d’Fabienne nach zu Veianen am “Schlassbléck” als aide - soignante bei Servior geschafft. Zwee Joer war si do aktiv.

Anekdoten: Vu Corona bis zum Tute vun der Lokomotiv op der Pafendaller Bréck

An all deene Joren hu sech eng ganz Rëtsch un Anekdote beim Fabienne ugesammelt. Där Flotter awer och méi traureg Momenter. Hei eng kleng Auswiel.

Fabienne Goffinet-Roca (3)
De leschte Schaffdag am Altersheem.

Den 31.Dezember 2025 war de leschte Schaffdag vum Fabienne Goffinet-Roca. Elo wëll déi ganz sympathesch Pensionärin d’Zäit mat hirem Mupp dem Golden Retriever “Lola” verbréngen a mat hirem Mann spadséiere goen. Ausserdeem hofft si elo, och nach méi Zäit fir hir 2 Kanner de Jérôme an de Fabrice ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO